But ass et Russland ze stoppen an eng méiglech Eskalatioun vum Krich ze verhënneren, esou d'Vertrieder vun der Organisatioun.
Eleng zejoert huet Lëtzebuerg d'Ukrain mat ronn 80 Milliounen Euro militäresch Hëllef ënnerstëtzt. méi onbekannt ass d'Organisatioun Wings for Europe, déi mëttlerweil schonn Honnerte vun Dronen an dat ukrainescht Krichsgebitt geschéckt hunn.
Organisatioun aus Benevollen
Zënter Enn 2023, also dem Ufank vu Wings for Europe, ass d’Kotryna* aus Litaue schonn derbäi an ass haut och Präsidentin vu Wings for Europe. E Grupp vu Frënn hätt d’ONG gegrënnt fir kënne mat den Dronen der Ukrain aktiv am Krich géint Russland ze hëllefen an eppes géint d’Doutmaachen vun onschëllegen Ukrainer an Ukrainerinnen ze ënnerhuelen.
Haut zielt d'Associatioun eng 60 Benevollen, déi net nëmmen a Lëtzebuerg mee europawäit liewen.
“Chacun de nous a des capacités et connaissances différentes, comme par exemple dans l’aide humanitaire, les connaissances techniques des drones, etc. Et comme ça, on s’est mis ensemble. Nous avons aussi un site internet où les gens peuvent nous écrire et devenir membres eux-mêmes.”
D’Material fir d’Drone gëtt mat Spende finanzéiert a kascht 350 Euro. Dat wier relativ bëlleg fir eng Dron, esou d’Kotryna. Ma dat géif awer domadder zesummen hänken, datt keng Personalkäschte verrechent ginn an een hei och vun enger relativ einfach gehalener Dron schwätzt.
1 vun 3 Dronen erfëllt hiren Zweck
Ween eng ganz Dron finanzéiert, also mindestens 350 Euro spent, dee kritt ee Konschtwierk vun enger konschtschaffender Persoun aus der Ukrain.
D’Drone gi vun de Benevollen doheem am eegenen Atelier zesummegebaut. Dono steet eng Konfiguratioun an e kuerzen Testfluch un, ier et dann an d’Ukrain geet.
“Après, ils améliorent le drone pour leurs besoins, ils font l'équipement et il va dans sa mission et une mission sur trois aboutit à faire son but.”
An de But ass dobäi ganz ënnerschiddlech. An der Ukrain kënnen d’Dronen da mat engem Ofwiersystem equipéiert ginn a soumat militäresch agesat ginn, wéi zum Beispill mat der Zerstéierung vun engem Panzer am Wäert vu Milliounen Euro.
Awer och am ziville Beräich sinn d’Drone praktesch. Si kënne zum Beispill Medikamenter u vulnerabel Mënschen am Krichsgebitter liwweren, erkläert de Richard* vun der ONG.
“L’Ukraine est un pays beaucoup plus petit que la Russie, il a moins de soldats, moins de personnes, donc avec plus de drones, on aide l'Ukraine à réduire la différence entre la puissance des armes. La Russie a beaucoup d'artillerie, ils ont beaucoup de drones, de chars, de tout, donc avec plus de drones, on peut équilibrer un peu plus la bataille.”
5 Drone pro Woch
De Richard ass réischt zënter e puer Méint bei der Associatioun derbäi. De gebiertege Malteeser huet sech scho virdru fir d’Ukrain agesat, andeems hie Mënschen aus der Ukrain Englesch bäibruecht huet.
“Donc je crois fortement que l'Ukraine a le droit d'exister et je suis contre la guerre et l'agression des pays plus grands contre les pays plus petits. Donc pour ça je commençais à aider l'Ukraine à donner des classes d'anglais, parce que j'étais professeur d'anglais avant, mais plus récemment j’ai commençé à participer aussi à l’assemblage des drones.”
Eng fënnef Drone kënnen déi Benevole all Woch zesummebauen. Fir d’Kotryna ass et indispensabel d’Ukrain an der Defense géint Russland ze ënnerstëtzen.
“Si vous êtes chez vous à la maison et quelqu'un vous attaque, vous ne pouvez pas arrêter cette personne sans les armes, voilà, on ne peut pas se laisser faire, c'est quelqu'un qui vous attaque. Voilà, alors c'est la même chose s'il y a un agresseur qui vous agresse et qui vous tue chaque jour.”
Fir d’Zukunft wënschen sech déi zwee Benevollen, datt et net méi néideg ass, datt esou eng Organisatioun iwwerhaapt existéiert. Si fuerderen de Fridden an der Ukrain an hoffen, datt et gläich net méi néideg ass Dronen an d’Ukrain ze schécken.
*Aus Sécherheetsbedenke wollte béid Interviewpartner net mam Nonumm genannt ginn.