D‘Migratioun an der EU soll méi staark limitéiert a kontrolléiert ginn. Ënner anerem sollen nei Prozeduren un den EU-Baussegrenzen ageféiert gi fir Migranten, déi kéng Chance hunn, Asyl ze kréien, zeréck an hir Heemechtslänner kënnen ze schécken.
Et soll och en neie Solidaritéits-Mechanismus tëscht de 27 EU Länner geschaf gi fir d‘Prise en charge vun Asyldemandeuren.