Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Emile Eicher: Finanzéierungsschlëssel bevirdeelegt net just 4 Gemengen

Gemengepolitik

Emile Eicher: Finanzéierungsschlëssel bevirdeelegt net just 4 Gemengen

De Syvicolpresident ass net der Meenung, datt duerch déi geplangten Ännerung vum kommunale Finanzéierungsschlëssel just 4 Gemenge besser wechkéimen. D'Augmentatioun vun der Dotatioun misst een a Relatioun setze mat deem wat fir d’nächst Joer un zousätzlecher Dotatioun erakéim.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

D’Suessemer Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz vum LSAP-Gemengeforum huet am 100,7-Interview kritiséiert, datt 4 Gemenge bäikréien a 96 manner aus dem “Fonds de dotation globale des communes” kréien.

Ettelbréck, Dikrech, Ierpeldeng a Munneref, solle vum nächste Joer méi Gelder aus dem Gemenge Finanzfong kréien, well hir Roll um regionale Plang opgewäert gëtt, änlech ewéi dat fir d’Stad Lëtzebuerg an Esch de Fall ass. Dat wier och normal seet de Syvicol President Emile Eicher. Esch géif pro Awunner 25 Prozer méi kréien, d'Stad Lëtzebuerg souguer 45 Prozent.

"Wann een dann awer kuckt wéi dat an der Nordstad war, dann ass do Ettelbréck zum Beispill mat näischt ausgaangen, dat war net gerecht. Vum Aménagement du territoire ass ëmmer gesot ginn, datt een een neie Pôle de Developpement am Éislek braucht.“

All Gemeng gewënnt

Et kéint een awer net soen datt déi aner 96 Gemenge manner géife kréien, ewéi bis elo. Den Emile Eicher, fënnt et misst een a Relatioun setzen, mat dem wat nächst Joer zousätzlech kënnt. Do sollen nämlech 126,7 Milliounen Euro méi Dotatioune kommen. 

"A wann et gutt geet da kréien d’Nordgemenge maximal 6 Millioune méi aus deem Fong, dat heescht déi aner Gemengen deelen sech nach ëmmer 120 Milliounen zousätzlech."

Netto géif also all Gemeng gewannen.

Zolidd Kompensatioun fir de CGDIS

Ee Budget deen an d’Luucht gaangen ass ass dee vum CGDIS, an do kéim awer eng zolidd Kompensatioun. Zënter 2022 wier déi vun 30,8 op 39 Milliounen Euro eropgaangen.

"Do ass et nach ëmmer esou, datt de Staat sech déi 2 Prozent TVA déi bei der leschter Reform vun de Gemengefinanzen agehale gi sinn, elo rëm zréck an d’Gemenge solle kommen."

 Och d’Reserve vun de Gemengen, de sougenannte “Fonds communal de péréquation conjoncturel” dee fir Krisenzäite geduecht war gëtt elo un d’Gemenge verdeelt, do sinn 52 Milliounen dran.

Lauschterenplay_arrow