arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ El Niño bréngt Dréchent an extreeme Reen a Mëttelamerika

Klima

|
reading time

1 min

El Niño bréngt Dréchent an extreeme Reen a Mëttelamerika

Déi mëttelamerikanesch Länner El Salvador a Panama hunn hir Warnunge wéinst dem El-Niño-Klimaphenomeen op de Maximum eropgesat.

reading time

1 min

Panama | © EPA/CARLOS LEMOS
Panama (Foto: EPA/CARLOS LEMOS)

A Panama huet d‘Regierung den Noutstand deklaréiert wéinst engersäits Dréchent an anerersäits extreemem Reen.

El Salvador huet déi héchst Alarmstuf wéinst Dréchent deklaréiert.

Risiko vun aussergewéinlech staarkem El-Niño

Den El-Niño ass en natierleche Phenomeen, deen all zwee bis siwe Joer erëmkënnt.

D‘Klimatologen hu virausgesot, datt dësen El-Niño aussergewéinlech staark kéint ginn.

Duerch den El-Niño ginn d‘Konsequenze vun der Äerderwiermung, déi vu Mënsche verursaacht gëtt, verstäerkt.