De Plang gesäit Mesuren a verschiddene Beräicher vir. Dorënner sozial Hëllefen an Allocatiounen, Logement, Santé an Educatioun.
De Regierungsrot huet gëscht um Freideg och ee Projet de loi ugeholl, deen d‘Gesetz iwwer d‘inspection générale de la police an iwwer den disziplinäre Statut vun der Police ännere soll.
Dobäi soll et ënner anerem drëms goen, d’Aarbechtskonditiounen an d’Attraktivitéit vun der IGP ze verbesseren. Esou soll d’Minimaldauer vun enger Affektatioun vun 10 op 5 Joer reduzéiert ginn.
Ausserdeem kritt d’IGP méi Moyenen a Rechter, zum Beispill e méi einfachen Zougang zu verschiddenen Informatiounen. Och d’Prozedur bei enger Suspendéierung vun engem Beamte soll geännert ginn, mat enger obligatorescher periodescher Ré-Evaluatioun.