De Gesichte géif verdächtegt ginn, zesumme mat zwee aneren Ukrainer, bei d'Pipline getaucht ze sinn an do Sprengstoff befestegt ze hunn, esou eng Spriecherin vum Parquet.
Duerch d‘Explosiounen am September 2022 ware véier Fuitten an dräi vun den am Ganze véier Nordstream-Pipelinen entstanen.
Duerch d‘Nord-Stream-1-Leitung war virdru russesche Gas an Däitschland gefloss. Nord Stream 2 war wéinst dem russeschen Aggressiounskrich an der Ukrain ni a Betrib geholl ginn.