arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Éischte Biodiversitéits-Rapport bereet dem Ëmweltminister Suergen

Natur an Ëmwelt

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Éischte Biodiversitéits-Rapport bereet dem Ëmweltminister Suergen

Den Ëmweltminister Serge Wilmes mécht sech Suerge wat d’Aartevillfalt hei am Land ugeet. Dat sot hie bei der Presentatioun vum éischte Biodiversitéit-Rapport, deen den Ëmweltministère zesumme mam Statec presentéiert huet.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© MECB
(Foto: MECB)

Ronn 65 Prozent vun de Flächen hei am Land si Gréngflächen. Dësen Taux wier an de leschten 20 Joer stabel bliwwen. Anescht gesäit et dogéint beim Zoustand vun den eenzelnen Déieren-, a Plazenaarten aus, déi op dëse Flächen doheem sinn.

"Mir mussen eng Schëpp bäileeën"

D’Zuele sinn alarmant: Just nach 20 Prozent vun de Beem an de Bëscher hei am Land si gesond. Dat hat am November schonn den Inventaire vun de Lëtzebuerger Bëscher erginn. A wat d’Baachen a Flëss ugeet, ass keent vun de Gewässer hei am Land an engem gudden Zoustand, wéi den Ëmweltminister Serge Wilmes erkläert.

"Dat heescht awer net, datt een elo einfach muss de Kapp an de Sand stiechen a sech der Fatalitéit hierginn, well et gëtt ganz villes elo scho gemaach um Terrain, fir dann och eis Bëscher ze stäerken. Och scho Flëss a Baache gi renaturéiert, mee mir mussen eng Schëpp bäileeën, mat finanzieller Ënnerstëtzung, awer och vläicht mat Gesetzesännerungen, déi d'Saache méi einfach maachen."

Am Zukunft soll ee beispillsweis e Biotop kënne restauréieren oder opbauen, ouni heifir mussen eng Autorisatioun beim Ëmweltminister unzefroen. Eng Deklaratioun soll an Zukunft duer goen.

De Problem vun den invasiven Aarten

Wat d’Aartevillfalt an der Déierewelt ugeet, si virun allem heemesch Reptilie wéi Eidechse bedrot. Dat, well hire Liewensraum méi a méi zerstéiert gëtt.

An der Planzewelt stellen exotesch Aarten, déi sech hei ausbreeden e Problem duer, wéi den Dr. Olivier Thunus vum Statec erkläert.

"Donc ce sont des espèces étrangères qui se naturalisent sur le territoire luxembourgeois et on a pu constater que ce sont principalement dans les jachères, les communautés rurales et les terres arables où on constate le plus grand pourcentage de plantes non indigènes. Donc on entient jusqu'à 30 pourcents des espèces sur ces habitats qui sont non-indigènes."

Dës deels invasiv Aarte verdrängen déi heemech an zerstéieren esou Liewensraim fir Déieren an Insekten.

Investitioune vun haut weisen hiren Effekt réischt an der Zukunft

An de leschten 10 Joer sinn d’Ëmweltschutz-Subside fir privat Menagen a Fondatioun relativ konstant an d’Luucht gaangen. Am Joer 2023 ware se mat 15,9 Milliounen Euro bal dräimol esou héich wéi am Joer 2013.

Op d’Fro, wéi et ka sinn, datt den Zoustand vun der Natur sech awer weider verschlechtert, sot den CSV-Minister Serge Wilmes.

"Dat geet jo net vun haut op muer. D'Natur ass eppes, wat jo wiisst, a wat eeben e bëssen heiansdo Zäit brauch, fir sech ze veränneren, an dat muss ee mat consideréieren."

Déi Suen, déi een haut an de Grapp hëlt an an d'Natur investéiert, géinge sech meeschtens réischt an Zukunft bezuelt maachen, seet nach de Minister. Immediat Effekter vun den Investitioune sinn als meeschtens net siichtbar.

Eemol d’Joer soll elo e Rapport iwwer den Zoustand vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg presentéiert ginn, esou nach den Ëmweltminister.

play_arrow Lauschteren