arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesetzesprojet zu Ännerungen um Klimagesetz ugeholl

Chamber

|
headphones

1 min

Gesetzesprojet zu Ännerungen um Klimagesetz ugeholl

D’Gesetz soll un eng EU-Direktiv ugepasst ginn, déi virgesäit, datt d’Co2-Emissioune besteiert a kënne kompenséiert ginn.

headphones

1 min

D’Gesetz soll un eng EU-Direktiv ugepasst ginn, déi virgesäit, datt d’Co2-Emissioune besteiert a kënne kompenséiert ginn.

Dëse Gesetzesprojet betrëfft an der Haaptsaach den Transport-, an de Bausecteur.

Vu datt Lëtzebuerg schonn eng eegen CO2-Steier huet, ass nach net kloer, op Lëtzebuerg dat, esou wéi d’Direktiv et virgesäit, bis 2027 wäert ëmsetzen, oder ob Lëtzebuerg, doduerch datt hei schonn een eegene System besteet, eng Verlängerung vun der Ëmsetzung bis 2030 mécht. 

De Minister Serge Wilmes huet erkläert, et géif grad analyséiert ginn, wat fir d’Lëtzebuerger Entreprisen dee beschte Wee wier.