arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Éischt Nationalwalen zënter der Chute vum Baschar Al-Assad

Syrien

|
headphones

1 min

Éischt Nationalwalen zënter der Chute vum Baschar Al-Assad

Déi éischte Kéier zënter der Chute vum Baschar Al-Assad gëtt haut, um Sonndeg, en neit Parlament gewielt. Landeswäit goufe 50 Walbüroen ageriicht. An der Haaptstad Damaskus soll et nëmmen ee Walbüro ginn.

headphones

1 min

Den Iwwergangspresident Ahmad al-Sharaa | © picture alliance / Consolidated News Photos | Kyle Mazza - CNP
Den Iwwergangspresident Ahmad al-Sharaa (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Kyle Mazza - CNP)

Am neie Parlament sollen 210 Deputéiert setzen. Een Drëttel dovu soll vum Iwwergangspresident Ahmad al-Sharaa bestëmmt ginn. De Recht gëtt net vun alleguer de Bierger:inne gewielt, ma vun am viraus festgeluechte Walleit, déi aus hire Reien d’Deputéiert wielen. Eppes wat international op Kritik stéisst.

Mat engem Resultat vun de Wale gëtt eréischt fir Méindeg oder Dënschdeg gerechent.