Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Chris Cohen - Sunever

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Éischt Maison de Retour kënnt an de SHUK um Kierchbierg

Asylpolitik

Éischt Maison de Retour kënnt an de SHUK um Kierchbierg

E Sonndeg geet déi éischt sougenannte „Maison de retour“ zu Lëtzebuerg op. Do komme Leit hin, deenen hir Asyldemande rejetéiert gouf an déi all juristesch Mëttelen duerchlaf hunn, an d‘Land deemno musse verloossen.

auto_stories

1 min

NATO-Drot an am Hannergrond ee Fliger dee start | © picture alliance
Foto: picture alliance

Sou eng Maison de retour ass am Koalitiounsaccord virgesinn a muss och am Kader vum geplangten EU-Migratiouns- an Asylpakt ëmgesat ginn. 

Déi éischt provisoresch Maison de retour kënnt an d‘Flüchtlings-Struktur SHUK um Kierchbierg. Si steet ënnert der Directioun vum Centre de rétention, wéi den Innen- a Familljeministère an engem Communiqué matdeelen.

Do gi Persounen ënnerbruecht, déi op hir Expulsioun waarden a Persounen, déi ënnert d‘Dublin-Reglement falen an an een anert EU-Land transferéiert ginn. An der neier Maison de retour sollen déi Mënsche besser encadréiert a begleet ginn, mam Zil, e fräiwëllege Retour vun de Flüchtlingen z‘erliichteren, heescht et am Communiqué.