search

/ Éischt Hëtztwell: All Dag een neie Rekord gebrach - Frankräich sicht no Léisungen

Frankräich

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Éischt Hëtztwell: All Dag een neie Rekord gebrach - Frankräich sicht no Léisungen

Och a Frankräich bleift et waarm, och wann et plazeweis ufänkt ofzekillen. Besonnesch an de Groussstied kann d'Hëtzt zu Problemer féieren. Fir déi ginn elo Léisunge gesicht.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/TERESA SUAREZ
(Foto: EPA/TERESA SUAREZ)

All Dag en neie Rekord. Gëschter war offiziell de wäermste Dag am Mee vun allen Zäiten a Frankräich. Mat Temperature vu bis zu 37,8 Grad am Westen a Südweste vum Land an enger Duerchschnëttstemperatur vu 24,9 Grad huet den Donneschdeg d’Rekorder getoppt, déi an de leschten Deeg opgestallt goufen.

Schoulhalen a -besiche gëtt zur Erausfuerderung

Och wann d’Temperaturen haut erofginn, bleift et waarm am Hexagon. Eréischt e Sonndeg wäert et iwwerall am Land ofkillen. An der Haaptstad Paräis ginn haut eng 35 Grad erwaart.

An der ganzer Regioun Île de France gouf scho gëschter e Forfait Anti-pollution fir den ëffentlechen Transport ageféiert fir d’Leit ze encouragéieren, den ëffentlechen Transport amplaz den Auto ze benotzen.

An der Regioun Île de France wäert den Ozonwäert haut iwwer 180 Mikrogramm pro Meterkibb leien, wat zu Otemproblemer bei de Léit féiere kann. Vill Schoulen am Land haten um Donneschdeg scho Problemer den Unterrecht duerchzeféieren, plazeweis waren et 50 Grad an de Säll. Zu Poitiers hu missen eng 10 Schüler a Schülerinne behandelt ginn, well si wéinst der Hëtzt e Malaise gemaach haten.

D'Gemenge sollten hir Roll iwwerhuelen

Och bei den Entreprisë stellt sech d’Fro, wéi an dësen Temperature geschafft ka ginn. De Wirtschaftsminister Jean-Pierre Farandou hat um Mikro vu Franceinfo eng kloer Äntwert: d’Betriber wëssen, wat ze maachen ass.

D’Regierung koum iwwerdeems gëschter Nomëtteg zesummen, fir sech op de Summer an d’Hëtztwellen ze preparéieren. Den Transportminister Philippe Tabarot sot no der Reunioun, de Staat kéint net fir alles zoustänneg sinn, och d’Gemenge missten hir Roll iwwerhuelen.

play_arrow Lauschteren