Radioen

On air

Notturno  |  Matthew E. White - Nested

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Éierlech Gespréicher" zu Jerusalem

Zwou Entrevuë vum Xavier Bettel

"Éierlech Gespréicher" zu Jerusalem

Den Ausseminister Xavier Bettel huet um Mëttwochmoien am Kader vu senger Rees am Noen Osten zu Jerusalem den israeeleschen Ausseminister Israel Katz getraff. Et gouf och eng Entrevue mam israeelesche Parlamentspresident.

auto_stories

3 min

headphones

1 min

© Eric Ewald play_arrow
De Xavier Bettel mam israeeleschen Ausseminister Israel Katz. (Foto: Eric Ewald)

Bei de Gespréicher ass et ëm e Waffestëllstand gaangen. De Xavier Bettel sot jo schonn am Viraus, datt hie sech aktiv fir e Waffestëllstand an der Gazasträif wéilt asetzen. Et ass awer och iwwert d‘Palästinenser-Hëllefswierk vun der UNO gaangen, dat an Israel verbuede gëtt.

Waffestëllstand a Libanon éischter warscheinlech

No deenen Diskussioune sot de Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie, datt hie béid Politiker no de Konditioune fir e Waffestëllstand gefrot huet. D’Äntwert wier gewiescht, datt et éischter am Libanon dozou komme géif, wéi an der Gazasträif. D’Hamas an d’Hisbollah goufe vum Xavier Bettel als “Drecksäck” beschriwwen. An awer wier e Waffestëllstand d’Basis fir méi Sécherheet. Bei där Meenung bleift de Xavier Bettel. 

"Si soen ëmmer, ech wier e bëssen direkt, mee ech mengen, wann een dat net ass, da kann een och net Saache soen. Ech hunn hinne gesot, dass et verschidde Saache ginn, déi mir net akzeptéieren, (...) dass si och en Deel Responsabilitéit hunn, dass mir ëmmer éierlech mat hinne waren, an dass mir dat op jidde Fall bleiwen."

Déi ganz Ausso vum Xavier Bettelplay_arrow

Souwuel an Israel. wéi och a Palästina hätt de Xavier Bettel schonn an der Vergaangenheet gesot kritt, datt et eng Vertrauensrelatioun géif ginn. De Xavier Bettel huet um Enn och vun "éierleche" Gespréicher geschwat, och wann et Meenungsverschiddenheete géif ginn.

De Xavier Bettel mam israeelesche Parlamentspresident Amir Ohana. | © Eric Ewald
De Xavier Bettel mam israeelesche Parlamentspresident Amir Ohana. (Foto: Eric Ewald)

Am Mëttwochmëtteg reest de Lëtzebuerger Ausseminister weider an d‘Westjordanland. Zu Ramallah huet hien een Treffe mam palästinensesche Premier an Ausseminister Mohamed Mustafa. 

Waffestëllstand: Nei Gespréicher zu Doha

Zu Doha lafen den Ament och Diskussioune fir eng Waffepaus an der Gazasträif. Um Dësch setzen de Chef vum israeelesche Geheimdéngscht Mossad, de Chef vum amerikaneschen CIA an de Premierminister aus dem Katar. Si wéilten eng Waffepaus vu manner wéi engem Mount proposéieren, huet d‘AFP de Moie gemellt.

Wärenddeems geet de Krich an der Gazasträif an d‘Attacken am Libanon weider. Déi israeelesch Arméi huet um Mëttwochmoien d‘Awunner vun der ostlibaneesescher Stad Baalbek an e puer Uertschafte ronderëm opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen an hir Haiser ze verloossen, well do Militäroperatioune geplangt wiere géint Installatioune vun der Hisbollah.

D‘Awunner hunn och op enger Kaart Weeër gewise kritt, déi si kënne fir d‘Evakuéierung notzen.