Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. - Dis-Moi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eidel Bürosflächen: Zu Paräis méi ee grousse Problem wéi zu Lëtzebuerg

Logement

Eidel Bürosflächen: Zu Paräis méi ee grousse Problem wéi zu Lëtzebuerg

A Frankräich, besonnesch am Raum Paräis an Île de France, ginn et ëmmer méi eidel Bürosgebaier. Gläichzäiteg bleift de Logementsmarché awer ugespaant. D’Léisung schéngt einfach: Déi ongenotzte Bürosurfacen a Wunnengen ëmwandelen. Genee dat envisagéiert elo e Gesetzesprojet am franséische Parlament. Nach bléiwen awer sëlleg Erausfuerderungen. 

auto_stories

6 min

headphones

9 min

Zu Lëtzebuerg sti just 4 Prozent vun de Bürossurfacen eidel. | © Adobe Stock play_arrow
Zu Lëtzebuerg sti just 4 Prozent vun de Bürossurfacen eidel. (Foto: Adobe Stock)

Schätzungsweis 9 Millioune Meterkaree eidel Bürosfläch ginn et den Ament a Frankräich. 5,2 Millioune vun dëse befanne sech eleng an der Regioun Île de France. Hei bleift 1 op 4 Bürosgebaier quasi ongenotzt.

Zäitgläich ginn eng 500.000 néi Wunnenge gebraucht. Mee net nëmmen d’Pandemie wier dofir responsabel: An de leschten 20 Joer wieren och ze vill Bürosgebaier gebaut ginn, seet den Emmanuel Trouillard vum Institut Paris Region. D’Investisseuren hätte quasi nëmmen nach op Büroe gesat. 

Méi einfach gesot wéi gemaach

Besonnesch a Geschäftsquartieren ewéi La Défense zu Paräis ginn et elo ëmmer méi Projeten, déi iwwerflësseg Bürosgebaier a Wunnraum transforméieren. Niewent de Virdeeler fir den Immobiliemaart spuert dat och vill Zement an domadder CO2. Dës Transformatioun ass awer an der Praxis net ëmmer sou einfach, wéi den Emmaneul Trouillard erkläert. Dacks géingen d’Architektur oder d’Technik vum Gebai eng einfach Transformatiounen net erlaben.

9 vun 10 Kéiere gëtt nach ofgerappt an nei gebaut, amplaz e bestoend Bürosgebai ze transforméieren. Fir dës Transformatioune méi einfach a gënschteg ze maachen, wëll d’Politik elo aktiv ginn.

Méi Subventiounen a steierlech Virdeeler 

D’Logementsministesch huet Enn Mäerz annoncéiert, datt e Plang ausgeschafft gëtt. Dëse Mount soll am Parlament och e Gesetzesprojet gestëmmt ginn, dee verschidden Hürden aus dem Wee raumt. Nach géing et de Gemengen dacks un engem Ureiz feelen, seet de Rapporteur vum Gesetzestext de Romain Daubié vum Grupp Les Démocrates. D’Grondsteier op Büroe géing zweemol méi Suen an d’Keess bréngen, wéi d’Grondsteier op Wunnengen. 

Ënner anerem gesäit den Text fir, datt et keng Eestëmmegkeet muss gi fir d’Coproprietéitsreglementer ze änneren. Och misst et méi Spillraum bei den Agrenzungen tëschent Wunnraum a Büroe ginn. Dacks géinge sech d’Gemengen hei wéineg ustrengen, fir dat opzelackeren, seet de Romain Daubié. 

Och gesäit den Text vir, datt et méi Subventiounen a steierlech Virdeeler fir esou Transformatioune gëtt. Fir den Emmanuel Trouillard ginn dës Mesuren an déi richteg Richtung, mee et misst een nach méi staark aktiv ginn.

Zuel soll verduebelt ginn

An de leschten 10 Joer hunn esou Transformatiounen am Verglach mam Neibau just 2,7 Prozent vum neie Wunnraum ausgemaach. Mee et géing ëmmer méi Interessi un esou Projete ginn, grad a Quartieren ewéi La Défense, wou déi ëffentlech Infrastruktur fir Logementer schonn do ass.

An den nächste Jore misst een elo kucken, d’Zuel vun den Transformatiounen op d'mannst ze verduebelen, seet den Emmanuel Trouillard. 

Zu Lëtzebuerg sti just 4 Prozent vun de Bürossurfacen eidel

Och zu Lëtzebuerg gi Bürossurfacen zu Wunnflächen ëmgewandelt. Dozou ginn et allerdéngs keng genau Donnéeën. Zu Lëtzebuerg stinn awer och just 4 Prozent vun de Bürosflächen eidel, seet de Jonathan Morand vun der Immobilieberodungsfirma JLL. Déi europäesch Moyenne géif bei 8 Prozent leien.

Vill vun deene Büroen, déi zu Lëtzebuerg eidel stinn, géifen och net méi déi aktuellen Uspréch erfëllen. Deene feele Certificaten, souwuel wat d’Energieeffizienz ugeet, wéi och wat d’Wuelbefannen op der Aarbecht betrëfft, erkläert de Jonathan Morand.

 “Aujourd'hui, les bâtiments bénéficient de certifications énergétiques, parce qu'aujourd'hui, l'idée, c'est de payer moins de charges, d'avoir des très bonnes performances dans l'immeuble, mais également de nouvelles certifications qui vont surtout être pour les utilisateurs, on va dire des certifications qui vont toucher au bien-être, au wellness. Voilà, des bâtiments maintenant qui vont proposer des services, des petites salles de sport, des espaces extérieurs, des terrasses, des espaces verts. On est vraiment dans l'idée du bien-être aujourd'hui dans le bureau. C'est vraiment le new way of working.”

Och d’Ubannung un den ëffentlechen Transport géif fir ëmmer méi Entreprisen eng Prioritéit kréien. Mat all deene Krittäre géif et och drëms goen, als Entreprise Talenter unzezéien, erkläert de Jonahan Morand.

D'Fläch vum Büro nei geduecht

Et kéint een awer elo net onbedéngt soen, datt zënter der Pandemie generell de Besoin no Bürossurfacen erof gaangen ass, well d’Leit méi Teletravail maachen. Zwar géife verschidden Entreprise manner Meterkaree brauchen, déi reng fir d’Schaffe virgesi sinn. Mee d’Fläch géif dann einfach anescht amenagéiert ginn.

“Donc pour certaines activités, effectivement, on a constaté qu'il y avait peut-être une diminution des mètres carrés, parce qu'on s'est rendu compte que finalement, certaines personnes travaillaient de la maison, il y avait des roulements qui se faisaient au niveau des semaines, donc forcément ça nécessitait moins de mètres carrés. Par contre, parallèlement, on a repensé l'espace de travail en termes d'aménagement. Et finalement, certaines sociétés sont restées assez stables en termes de mètres carrés. La différence, c'est qu'ils ont intégré dans leur espace de bureau des espaces, par exemple des phonebooths pour faire des calls, des petites salles un petit peu informelles, social area, toutes ces choses-là.” 

Viru véier Joer waren zu Lëtzebuerg eng 4.250.000 Meterkaree Bürosfläch. Uganks dës Joers waren et der 4.600.000 Meterkaree. De Stock klëmmt also weider. Domat wieren d’Bürosflächen zu Lëtzebuerg och nach ëmmer een interessant Investissement fir Immobilière bleiwen, seet de Charles du Parc vu JLL.

“Premièrement de par le fait que beaucoup d'investisseurs ont une stratégie immobilière ancrée dans leur stratégie d'investissement, ce qui veut dire que pour certains, ils investissent uniquement en bureaux, pour d'autres, ils cherchent la diversification d'autres classes d'actifs vers le bureau, et donc le bureau a toujours été, reste et restera encore pendant très longtemps un investissement intéressant en Europe, dans le monde et aussi au Luxembourg.” 

Parallellen zu VEFA-Projeten

Änlech, wéi bei residentielle VEFA Bauprojeten, géif een och hei feststellen, datt Investisseure schonn een Deel vun hire Projete wëlle verlount hunn, éier d’Constructioun ufänkt, seet de Charles du Parc. Dat wier awer keen neie Phenomen.

“Cependant, au Luxembourg, on a ce luxe d'avoir un taux de vacances qui est très, très faible, une demande qui reste élevée, soutenue, malgré les quelques crises récentes qu'on a pu avoir. Donc, on voit aussi que la plupart des développeurs n'ont pas de mal ou de souci à prélouer des surfaces de bureaux avant même que le bien soit achevé.”

Zu Lëtzebuerg schéngt d’Offer an d’Nofro no Bürossurfacen also nach méi ausgeglach ze sinn, wéi eben zu Paräis zum Beispill. Relativ wéineg Bürossurface steet zu Lëtzebuerg eidel. An dat sinn dann eben och Surfacen, déi net méi den aktuellsten Ufuerderungen entspriechen.

Lauschterenplay_arrow