Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Bullion - Rare Feat. Carly Rae Jepsen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Een duerchwuessene Bilan fir d'Campingsaison

Tourismus

Een duerchwuessene Bilan fir d'Campingsaison

D‘Iwwernuechtungen an de Campinge sinn am éischter Semester ëm 17 Prozent zeréckgaangen, am Verglach mam leschte Joer. Dee Bilan zitt Camprilux. D’Haaptursaach war de ville Reen dee fir d’Campingen ëmmer vun Nodeel ass. An dach sinn déi Touristen op Lëtzebuerg komm déi d’Land kennen.

auto_stories

2 min

Allerdéngs gouf et een Impakt op den Ufank vun der Saison, erkläert d’Florence Bertemes, Presidentin vun der Campingsvereeneung Camrpilux. Op Feierdeeg wéi Ouschteren, Christi Himmelfahrt, Päischten a Frohnleichnam, si manner Touriste komm, wéi zejoert.

„Wéinst dem Wieder an de Schlechtwettermeldungen. Mir wiere frou, wann net souvill Schlechtwettermeldunge géife verschéckt ginn, well dat schreckt d’Leit awer of. Dacks reent et just e bëssen, mee de Rescht vun der Zäit ass et awer schéin”

Héichwaasserschutz: Campingen adaptéieren sech

Virun e puer Joer hat Camprilux ee Rapport ausschaffe gelooss fir ze kucke wéi d’Campinge kéinten am Fall vun Iwwerschwemmunge besser geschützt ginn. Virun allem wa se no bei enger Bach oder engem Floss leien. Elo gëtt zesumme mam Institut Eco-Camping an enger zweeter Phas geschafft. 6 Campingen hätte sech dofir gemellt, präziséiert d’Florence Bertemes,

Déi zoustänneg Ministèren, wéi den Environnement, wieren mat dësem Rapport méi asiichteg ginn a géifen d‘Situatioun besser verstoen.

„Natierlech sollen déi Moossnamen net géint d’Natur sinn. Mir sinn alleguerte Campinger déi an der Natur leien. Mee déi Moossnamen aus der zweeter Phas déi wäerte positiv ugeholl ginn, well een doduerch och kann d’Schied limitéieren.“

Eng Propos ass, datt d‘Elektresch soll kënnen am Virfeld ofmontéiert ginn, wann de Risiko vun Iwwerschwemmunge besteet.

Vakanz Doheem huet nohalteg gewierkt

Déi Aktioun mat de Vakanzebongen fir hei am Land an engem Hotel oder Camping no der Covidzäit ze iwwernuechten hätt nohalteg gewierkt, erkläert d’Florence Bertemes. Vill Lëtzebuerger:inne wieren no der Pandemie rëm méi an d‘Ausland gereest. Déi géifen lo nees zeréck kommen.

„Et ass erstaunlech datt elo nees méi Lëtzebuerger Vakanz op engem Camping maachen. Mir hunn och ganz vill Campinge mat verschidde Strukturen.“

Sou zum Beispill Glamping, Mobilhomen, Safarizelter oder Pods. Och de Campingcar hätt ee Boom erlieft, betount d‘Camprilux-Presidentin. Si begréisst et, datt och Lëtzebuerger:innen deen méi dacks gebrauchen, an dat och zu Lëtzebuerg selwer.