D'Feier ass ronn 20 Kilometer vun der Stad Split ewech ausgebrach. Mëttlerweil ass de Brand ënner Kontroll. Honnerte Pompjeeë waren am Asaz, mat iwwer 300 Läschween.
Duerch de staarke Wand waren d'Läschaarbechte schwéier. Iwwer 1.000 Mënschen goufen an der Nuecht evakuéiert.