Den Dag am Bësch-Gruppe fänkt all Moie mat engem Ritual un. De Moieskrees wier wichteg - fir de Kanner hei baussen e Gefill vu Sécherheet an Zesummenhalt ze ginn, esou d'Tania - Educatrice diplomée a Fachaarbechterin fir Natur- a Bëschpedagogik vun der Bësch-Crèche.
“Hei hu mir net déi fest Mauere ronderëm, déi mir an der Crèche ronderëm hunn. D’Stabilitéit an d'Sécherheet gëtt de Grupp. An dofir ass dee Moieskrees eis esou wichteg.”
Tania schafft schonn zënter 8 Joer an der Crèche Krunnemécken. Viru ronn 5 Joer huet si zesumme mat hiren Aarbechtskolleegen de Bësch-Grupp opgemaach.
Et ginn dräi verschidde Plazen: Eng Wiss (e privat Grondstéck), d'Bëscher zu Elweng an zu Wëntreng an heiansdo d'Crèche selwer.
“D'Kanner kréien ëmmer e Kalenner vum Mount. Do steet genee drop, wéini mir wou sinn, esou datt d'Elteren och wëssen, wou si hir Kanner wéini sollen ofginn.”
An der Crèche Krunnemécken zu Wëntreng kënnen d'Elteren hiert Kand an de konventionelle Grupp umellen oder eeben an de Bësch-Grupp mam Numm "Himmelsdéiercher". Hei ass Plaz fir bis zu 12 Kanner.
Iessen a schlofen am Bësch
Haaptsächlech op der grousser Wiss bei der Crèche am Duerf sinn déi Kleng hei praktesch d'ganz Joer iwwer dobaussen. Ausser wann d'Wiederkonditiounen et net zouloossen. Wann et also riichtera reent, ze kal ass oder Stuerm an Donnerwieder gemellt sinn.
An de Bësch-Wochen, déi 2 bis 3 mol d'Joer sinn, bréngen d'Elteren d’Kanner an de Bësch.
Vum Parking am Bësch zu Elweng geet et dann nach e Stéck zu Fouss bis op déi kleng Lichtung am Bësch. Hei steet eng Holzhütt. Bësse weider an de Bësch era stinn eng Dosen Holzstécker am Krees.
Hei gëtt nom Moieskrees zesumme giess. Déi Kleng huelen aus hirem Rucksak hir Drénkbidongen a Schmiere-Këschten eraus. All Kand huet och ee Sëtzkëssen dobäi: Een aus Woll gestréckte véiereckegen Teppech - deen d'Eltere bei der Agewinnung vun hirem Kand selwer strécken, wéi d'Tania erkläert.
Am reguläre Betrib gëtt dobanne giess, ausser een Dag an der Woch: do gëtt um Feier gekacht. An der Bësch-Woch esouguer all Dag. Deen Dag stoung Pizza fir d'Mëttegiessen um Menu.
E staarkt Immunsystem
Wärend déi eng Kanner scho mathëllefen den Deeg ze preparéieren, bauen déi aner un hirem Tippy weider. Mat Äscht a Bengelen haten d'Kanner scho virun e puer Wochen ugefaangen hiren Tippy ze bauen. Wéi elo erëm Bësch-Woch war, hätte si ouni ze zécken nees do weidergemaach, wou si d'leschte Kéier opgehalen haten, esou d'Tania.
Dat wier e grousse Virdeel hei baussen. An der Crèche dobannen ginn d'Spillsaachen all Dag nees zeréck geraumt - an d'Kanner fänken all Moien nees vu vir un. An der Natur ze sinn hätt nach weider Virdeeler, erzielt d'Tania.
Dobaussen am Bësch kéinten d'Kanner hir motoresch Fäegkeete weiderentwéckelen. Iwwerdeems géif och den Immunsystem vun de Kanner dobausse gestäerkt ginn.
Nom Mëttesiesse gëtt eng Rascht gemaach - am Bësch natierlech.
“Do schlofe mir dann op Picknickdecken an d'Kanner ginn och owes erëm am Bësch ofgeholl.”
Den Educatiounsminister huet op eis Nofro hi matgedeelt, datt am Kader vum Regierungsprogramm - an a Kohärenz mat den Ziler vum der Campagne Screen-Life-Balance - d'Offer u Bësch-Crèchen hei am Land soll ausgebaut ginn.
Aktuell géif nach analyséiert ginn, wéi sech d'Norme fir Bësch-Crèchë vun deene fir aner Crèchen ënnerscheede sollen, schreift de Ministère. Et bleif also ofzewaarden, wéi Kanner an Zukunft hir Zäit an der Crèche verbrénge wäerten.