arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wat geschitt eigentlech bei der Sonnendäischtert muer?

National

|
reading time

3 min

Wat geschitt eigentlech bei der Sonnendäischtert muer?

Iwwer eisem Land wäerten 90 Prozent vun der Sonnefläch géint 20:00 Auer fir e puer Minutte vum Mound verstoppt ginn. Géint 19:30 Auer fänkt de Mound u sech virun d'Sonn ze drécken. Sonnenënnergang ass um 21:00 Auer. Den Eric Buttini aus dem Naturmusée erkläert, wéi dëst Naturspektakel fonctionéiert.

reading time

3 min

© picture alliance / Russian Look | Victor Lisitsyn
(Foto: picture alliance / Russian Look | Victor Lisitsyn)

D'Äerd, déi dréint ronderëm d'Sonn, an eise Mound dréint ronderëm d'Äerd, erkläert den Eric Buttini. Eng Sonnendäischtert wier een Zesummespill vun den Himmelskierper, bei deem sech de Mound genau virun d’Sonn placéiert. 

“Dat heescht wierklech an der Axe de vue.”

An deem Moment, an deem d’Sonn an de Mound genau alignéiert sinn, verdeckt de Mound d’Sonn a wërft säi Schied op d’Äerd. An deem Moment géife mir hei déi sougenannte Sonnendäischtert erliewen.

Eng 90 Prozent-Sonnendäischtert

Dëst Phänomen géif eigentlech guer net esou seele virkommen, esou den Eric Buttini. An der Reegel wier zweemol d’Joer eng Sonnendäischtert – mee awer partiell. Datt et awer zu enger totaler Finsternis op enger geografescher Positioun op der Äerd kënnt, wier seelen, esou den Expert. 

Bei dëser Sonndendäischtert wäert de Mound 90 Prozent vun der Sonn verdecken.

“Dat heescht, mir kucken e bëssen derlaanscht, soen ech emol. An dofir gesi mir vu Lëtzebuerg aus dann nëmmen de Mound 90 Prozent vun der Sonn verdécken”

Et wier och egal, ob een am Süden oder am Norde vum Land d’Naturspektakel suivéiert. Dat, well een déi puer Prozent, déi méi oder manner verdeckt ginn, mam blousen Ae guer net erkenne kann. 

An deem Moment, an deem de Mound sech virun d’Sonn dréckt, géif een och kaum mierken, datt et wierklech bedeitend méi däischter gëtt. Dat, well d'Sonnenhellegkeet – och bei 10 Prozent – ëmmer nach immens grouss ass, seet den Eric Buttini. 

Precautioune fir d’Aen ze schützen

Et sollt een awer net einfach esou an d’Sonn kucken, mee mat ISO-zertifizéierte Sonnefinsternis-Brëller, esou den Eric Buttini aus dem Naturmusée. Eng Alternativ zu dësem Brëll géif et net ginn, erkläert den Expert.

"Et héiert ee mol ganz skurril Saachen, wéi eeben duerch eng CD kucken, duerch en aalt Rëntgebild. Mee dat geet net."

Hie recommandéiert, sech e Brëll ze deelen, wann een der net genuch huet. Anescht wéi bei enger kompletter Sonnefinsternis géif een hei och näischt verpassen, wann ee sech ofwiesselt mat kucken. 

“Wa mir elo awer ee Brëll pro Famill hätten, soen ech emol, an da kuckt deen een 30 Sekonnen, a gëtt säi Brëll da weider. Dat ass natierlech och méiglech.”

D’Sonnestralung ass esou intensiv, datt wa se vun eiser Pupill hannen op d'Netzhaut fokusséiert gëtt, Verbrennunge un der Netzhaut entstoe kënnen. Am schlëmmste Fall kéint een och blann ginn doduerch.

Rotschléi vum Gesondheetsministère 

Och de Gesondheetsministère betount, datt een d'Naturschauspill nëmme mat Brëller, déi speziell dofir entworf goufe, suivéiere soll. De Gesondheetsministère betount, klassesch Sonnebrëller, esou guer där ganz staarker an donkeler, si keen adequate Schutz, well se déi onsiichtbar Sonnestralen net genuch filteren. Am Communiqué heescht et nach, datt een ouni deen néidege Schutz ni direkt an d‘Sonn kucke soll. 

Fräie Bléck 

Fir muer den Owend si keng Wolleke gemellt. Dat heescht, de Bléck op d'Sonnendäischtert misst garantéiert sinn.

Eng total Sonnendäischtert ass iwweregens muer a Spuenien, am Norde vu Portugal, an och a Grönland ze beobachten. Déi nächst komplett Sonnendäischtert an eise Breedegarden ass de 14. Juni 2151.