Radioen

On air

Kultur um 5  |  Hanner den Téin

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Loyerssubventioun geet meeschtens u Jonker ënner 25 Joer

Logement

D'Loyerssubventioun geet meeschtens u Jonker ënner 25 Joer

26 Prozent vun den Demandë fir eng Subventioun um Loyer géife bannent engem Mount ofgewéckelt ginn. Dat äntweren de Logementsminister an de Finanzminister op eng Question parlementaire vun der LSAP-Deputéiert Liz Braz.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Zoonar | Andrii Yalanskyi

Fir 28 Prozent vun den Dossieren dauert et 2 bis 3 Méint, a weider 28 Prozent sinn eréischt no 4 bis 6 Méint traitéiert.

Bei den Hëllefe fir Kafen, Bauen, a Renovéiere vu Wunnenge goufen zejoert 18 Prozent vun den Dossiere bannent engem Mount ofgeschloss ginn, an 42 Prozent vun de Fäll gouf et een Delai vun 2 bis 3 Méint.