Radioen

On air

Tockcity  |  Kompromat - Lift Me Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Staaten decidéiere weidere Sanktiounspak géint Russland

Virun allem Äerdgasgeschäfter betraff

EU-Staaten decidéiere weidere Sanktiounspak géint Russland

D‘Ausseministere vun den 27 EU-Staaten hunn de Méindeg zu Lëtzebuerg den neie Sanktiounspak géint Russland formell ugeholl.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Hinrich Bäsemann | Hinrich Bäsemann

Déi nei Mesurë solle virun allem derfir suergen, datt Sanktiounen, déi et scho gëtt, net méi kënnen ëmgaange ginn. Betraff sinn doriwwer eraus Geschäfter mat flëssegem Äerdgas aus Russland.

Weider hunn d‘EU-Ausseministere bei hirem Treffe – géint de Widderstand vun Ungarn - Militärhëllefen an der Héicht vu Ronn 1,4 Milliarden Euro fir d‘Ukrain accordéiert.

Agefruere russesch Sue gi fir Militärhëllef genotzt

Dee Pak wier néideg, seet de Lëtzebuerg Ausseminister Xavier Bettel. De Krich wier net eriwwer an d’Attacken an d’Menacë vu Russland wieren nach méi intensiv ginn. D’Decisioun war méiglech, well d’Suen aus den Zënserträg vum agefruerene Verméigen vun der russescher Zentralbank geholl ginn an dofir eng Prozedur virgesinn ass, där no d’Suen d’éischt un eenzel EU-Länner fléissen, déi se dann der Ukrain zoukomme loossen.

D’Avoiren direkt ze benotzen, wier juristesch bedenklech gewiescht. Et hätt een awer kënne klären, datt déi Bedenken net gëllen, wann et drëm geet, d’Beneficë vum konfiskéierte Verméigen ze huelen, sou de Xavier Bettel. Dowéinst hätt hie kënnen zoustëmmen.