Ee Regime, dee Manifestanten erschéisst, wier terroristesch, esou d‘Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen.
Lëtzebuerg hat seng Positioun dozou virdru geännert an ass net méi dogéint d'Revolutiounsgarden als Terrororganisatioun anzestufen, esou den DP-Ausseminister Xavier Bettel.
Solidaritéitsmanifestatioun an der Stad fuerdert Ausweise vun Diplomaten
Datt déi iranesch Revolutiounsgarden als Terrororganisatioun agestuuft ginn, war och eng vun de Fuerderungen op enger Demo um Donneschdeg de Mëtteg um Kierchbierg.
Eng 60 Persounen haten sech versammelt, fir un déi iranesch Bierger:innen, déi bei de Protester géint de Regimm am Iran gestuerwe sinn, ze denken.
Eng weider Fuerderung vun de Manifestanten war, datt d‘Diplomate vum Iran sollten aus der EU ausgewise ginn an de Prënz Reza Pahlavi als Iwwergangsleader vun der EU unerkannt gëtt.
Organiséiert gouf dëse Rassemblement vun der PEN a.s.b.l, kuerz fir Poets, Essayists et Novelists.
EU-Sanktioune géint den Iran gi verschäerft
D’EU verschäerft och d’Sanktioune géint den Iran. Dat gouf um Donneschdeg de Mëtteg zu Bréissel, um Bord vum EU-Ausseministertreffen annoncéiert. Deemno si 15 héich iranesch Responsaabler a sechs Organisatiounen op d‘Sanktiounslëscht bäigesat ginn.
Ënner hinnen ass och den Inneminister an d‘Cheffe vun den iranesche Revolutiounsgarden, déi d‘Protester am Iran brutal néiergeschloen haten. Och den iranesche Procureur général an de Policechef sinn op d‘Lëscht vun der EU bäigesat ginn.