arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU kritiséiert chineesesch Douanestaxen op europäesche Mëllechproduiten

Douanestaxen

|
headphones

1 min

EU kritiséiert chineesesch Douanestaxen op europäesche Mëllechproduiten

Déi Tax läit jee no Produit tëschent ronn 22 an 43 Prozent. D’EU qualifizéiert déi als net justifizéiert. Peking begrënnt hir Decisioun domat, datt déi Mëllechproduite staark subventionéiert wieren.

headphones

1 min

Mëllech | © Bigstock / Nikodim
Mëllech (Foto: Bigstock / Nikodim)

Fir verschidden EU-Mëllechkonzerner wier dat eng Katastroph, sief dat fir den Export vu Kéis oder Crème a Ram. Dat schéngt eng Géigemoossnam ze sinn, wéinst der drastescher Erhéijung vun den EU-Douanestaxen op chineesesch elektresche Gefierer.