D’EU Staats- a Regierungscheffen zéien ee positive Bilan vun hirer Reaktioun op d’Menacen aus den USA vun de leschten Deeg.
Staark EU-Stëmm huet Wierkung gewisen
Et wier wichteg, datt Europa “eng staark Stëmm géintiwwer den USA” huet, esou de Luc Frieden.
"Wann Europa staark ass, wann Europa gëeent ass, da ginn et keng Menacë, da ginn et keng Ängschten."
Den däitsche Kanzler Friedrich Merz faasst d’Entwécklung an der leschter Woch esou zesummen:
"Es hat sich gezeigt, dass Geschlossenheit und Entschlossenheit auf der europäischen Seite durchaus etwas bewirken können."
Ganz änlech Wierder gebraucht de franséische President Emmanuel Macron.
"Quand l’Europe réagit de manière unie en utilisant les instruments qu’elle a à sa disposition tandis qu’elle est menacée, elle peut se faire respecter et c’est une très bonne chose."
EU war um Punkt, Mesuren ze huelen
“Mir mussen zu eise Prinzippie stoen. An dat hu mir gemaach”, esou och de Luc Frieden. Kee Land kéint Territoire vun engem anere kafen oder d’EU menacéieren.
Et wier wichteg gewiescht, den USA dat ze soen.
"Ech menge schonn, datt den Donald Trump verstanen huet, datt ee mat Europa net einfach esou ka schwätzen."
D’EU war prett, Mesuren ze huelen. Och fir dat stäerksten Anti-Coerciouns-Instrument mat Handelsrestriktioune fir d’USA gouf et eng Majoritéit. Dat hunn en Donneschdeg verschidden EU-Diplomate betount.
Ass déi “Handels-Bazooka” da weider gelueden a bleift um Dësch leien? Wéi prett ass een déi nächste Kéier?
"Dat weess ech net, well ech eigentlech net hoffen, datt déi Situatioun sech nach eng Kéier stellt. Mee mir hu Moossnamen an der Europäescher Unioun, déi ee kann à tout moment zéien. Dozou gehéiert déi Anti-Coerciouns-Moossnamen, déi si jo duerfir gemaach ginn. A wann ee se muss eng Kéier gebrauchen, jo, da kann ee se gebrauchen."
EU muss méi autonom ginn
Gläichzäiteg huet de Premier betount, datt Europa muss méi autonom ginn - ekonomesch - a Froe vun der Energie an der Sécherheet.
Dat hätt mat engem “strukturelle Changement an der amerikanescher Politik” par rapport zu Europa ze dinn.
"Ech mengen, datt mir duerch de Krich an der Ukrain, dee vu Russland ugefaange ginn ass, duerch déi amerikanesch Politik, déi substanziell geännert huet, iwwer Grönland eraus, datt et evident ass, datt Europa muss méi onofhängeg ginn."
D’Diskussioun um EU-Sommet wier eng strategesch gewiescht. Net eng, an där een ee konkrete Plang fir kuerzfristeg Reaktiounen opgestallt hätt.
Dänemark seet Merci
Et hätt een eppes derbäi geléiert, wärend de leschten Deeg a Wochen, sot iwwerdeems déi dänesch Premierministerin Mette Fredriksen.
Si huet den anere Leadere Merci gesot fir d’Solidaritéit an d’Ënnerstëtzung, “déi extrem wichteg war an där ganz schwiereger Situatioun, an déi mir gesat goufen”.
Elo misst weider no Léisunge gesicht ginn, esou d’Mette Fredriksen. Bei deene Verhandlunge géif et weiderhi rout Linne ginn. Dänemark wier ee souveräne Staat. Dat kéint net verännert ginn.
USA weider ee wichtegen Alliéierten?
D’Fro, ob ee weider den USA vertraue kéint, wollt iwwerdeems kee mat Nee beäntwerten.
Och déi dänesch Premierministerin Mette Fredriksen ass ganz diplomatesch bliwwen.
"Mir hu laang enk zesummegeschafft. Mir mussen dat respektvoll maachen, ouni Menacen. Dofir hoffen ech, datt mir eng politesch Léisung fannen, wéi mir als Alliéiert kënnen zesummeschaffen."
Fir den däitsche Kanzler Friedrich Merz steet op alle Fall fest, datt een déi transatlantesch Relatiounen elo net einfach ewech geheit.
Weider am Dialog bleiwen an am Kader vun der NATO enk zesummeschaffen: Dofir hu sech eng Partie Staats- a Regierungscheffen en Donneschdeg den Owend ausgeschwat.
Weider Erklärungen nom informellen EU-Sommet vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber kënnt Dir hei lauschteren.