Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Carve Visage

play_arrow Live
search

/ EU adoptéiert Géigemesuren

Amerikanesch Douanestaxen

EU adoptéiert Géigemesuren

Wéi erwaart hunn d’EU-Memberlänner um Mëttwochmëtteg Géigemesuren zu den amerikaneschen Taxen op europäesche Stol an Aluminium zu Bréissel adoptéiert. D’Taxen an der Héicht tëscht 10 a 25 Prozent gëlle vum 15. Abrëll un.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON
(Foto: picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON)

Déi europäesch Taxe ginn op enger ganzer Partie amerikanescher Produiten erhuewen. Dozou gehéiere Sojabounen, Mais, Räis, Mandelen oder Orangëjus, genee ewéi Tubak a verschidde Kleeder a Kosmetik-Artikelen. Net op där Lëscht si Bourbon-Whisky a Mëllechproduiten. Dofir hate sech ënner anerem Frankräich, Italien an Irland agesat.

Déi Taxe kéinten zu all Moment rëm opgehuewe ginn, am Fall wou d’USA engem fairen an equilibréierten Accord géifen zoustëmmen, preziséiert d’Europäesch Kommissioun an engem Communiqué. D’EU hätt hir kloer Preferenz dofir zum Ausdrock bruecht, eng Léisung um Verhandlungswee ze fannen, vun där béid Säite géife profitéieren. Déi amerikanesch Taxe wieren net justifiéiert, si géingen der Ekonomie op béide Säite schueden, heescht et do och.

Beim Vott um Mëttwochmëtteg hunn 100,7-Informatiounen no bis op Ungarn all d’EU-Länner fir d’Géigentaxe gestëmmt.