Am Fong sollten dem sougenannten Europäesche Solidaritéit-Pool no all Joer 30.000 Demandeurs d’asile an der EU ëmverdeelt ginn. Dee Chiffer gouf haut zu Bréissel op 21.000 reduzéiert.
Dat léich drun, datt deen neie Mechanismus eréischt am Juni 2026 a Kraaft triede soll, esou de Lëtzebuerger Innenminister Léon Gloden am 100,7 Interview, um Bord vun der Reunioun vun den EU-Innenministeren zu Bréissel.
D’Ministere goufe sech eens, datt d'Staaten nieft dem Ëmverdeelen, eng Finanzhëllef vu 420 Milliounen Euro sollten zur Verfügung stellen. Am Prinzip kënnen d’Staate selwer decidéieren, wéi eng Optioun si wielen.
Lëtzebuerg pocht op Ausgläich vun "Dubliner"
Lëtzebuerg hätt wëlles, eng Kombinatioun ze maachen, esou de Léon Gloden. An der Reunioun haut um Méindeg, huet den CSV-Minister proposéiert, datt Lëtzebuerg ënner dem neie System 1.040.000 Euro an dat gemeinsaamt Dëppe bezilt, an d’nächst Joer 15 Demandeurs d’Asile aus anere Länner géing ophuelen.
Déi Zuel kéint awer nach staark no ënne korrigéiert ginn. De Léon Gloden pocht nämlech drop, datt déi Relokalisatiounen duerch d’Presenz vu sougenannten “Dublinere” ka kompenséiert ginn.
Domat sinn Demandeurs d’Asile gemengt, deenen hir Demande zu Lëtzebuerg iwwerpréift gëtt, fir déi awer am Prinzip dat EU-Land zoustänneg ass, wou si als éischt ukoumen.
"Mir musse kucken, ob een déi Relokalisatiounen zum Deel ka kompenséiere mat den “Dubliners”, déi mer hei hunn. Well et ass bekannt, datt Lëtzebuerg ganz vill Dubliners huet, et sinn der ongeféier 700. Mir wäerte lo bilateral mat Länner wéi Spuenien, Griichenland an Italien kucken, wéi mer do kënne virgoen."
Um Enn kéint et also drop erauslafen, datt Lëtzebuerg guer keng Demandeurs d’Asile ënner dem neie System aus engem anere Land ophëlt.
Op d’Fro, ob de Minister dovun ausgeet, datt um Enn iwwerhaapt Demandeurs d’Asyl an der EU géingen ëmverdeelt ginn, sot de Minister:
"Dat ass d'Engagement, wat mir als Memberstaaten haut geholl hunn. An dat ass och e wichtegt Signal vis-à-vis vun de Südstaaten, well déi sinn un der Frontlinn, déi sinn un der Baussegrenz vun Europa. Ech hunn dat och nach eng Kéier kloer ënnerstrach. Op där anerer Säit muss natierlech dann och den “Dublin”-Mechanismus fonctionnéieren. Et ass ee Geben und Nehmen."
Gloden net d’Accord mat EU-Klassement vun de Länner
D'Basis vum Solidaritéits-Mechanismus ass eng Andeelung vun de 27 EU-Staaten a verschidde Kategorien. Jee no “Migratiouns-Drock” solle gewëss Erliichterunge gëllen, wann et em eng eventuell Ëmverdeelung vun Demandeurs d’Asyl oder finanziell Chargë geet.
Lëtzebuerg war a keng vun deene Kategorië gefall, an zielt domat d’office zu deenen, déi Leit ophuelen, oder Sue bezuele mussen.
D’Approche vun der Kommissioun wier hei net koherent, esou de Leon Gloden. Lëtzebuerg géing zwar gelueft ginn, fir seng gutt Migratiounspolitik an d’Efforten, d’Capacitéite fir Refugiéen opzehuelen ze erhéijen.
Trotzdeem wier d’Land net an enger vun deene Kategorië vu Länner mat héijem Migratiounsdrock agestuuft ginn.
"Et kann een net déi gutt Schüler strofen. An déi Schüler, déi net alles maachen, déi kréien dann nach Bonbonne vun der Kommissioun. Domadder sinn ech net d'accord."
Den EU-Kommissär fir d’Migratioun, de Magnus Brunner hätt him schrëftlech matgedeelt, datt bei der nächster Evaluatioun, de regionale Migratiounsdrock mat géif berücksichteg ginn, sou de Léon Gloden.
Vum Andeelen an eng aner Kategorie, erhofft sech de Minister, datt Lëtzebuerg Accès op EU-Suen an operationell Hëllefsmesuren hätt, déi fir déi Länner virgesi sinn.
Accord vun EU-Ministere fir Refoulementer ze vereinfachen: Lëtzebuerg ass dofir
D’EU-Innenminister si sech och eens ginn, fir weider Reegele fir d’Migratioun ze verschäerfen.
Zu de Pläng gehéieren acceleréiert Retoure vu Migranten, deenen hir Demande d’Asyle refuséiert gouf, an esou genannte sécher Drëtt-Staaten, genee ewéi “Return hubs” baussent der EU.
Lëtzebuerg war uganks skeptesch par rapport zu esou Centrë baussent der EU, huet do awer seng Positioun geännert. Et hätt een den Ament allerdéngs net Wëlles, een Accord mat engem Net-EU-Land ofzeschléissen, fir ee Centre opzeriichten, seet de Léon Gloden.
"Lëtzebuerg wäert elo net einfach esou ee Vertrag mat engem Drëtt-Land maachen. Wann, da kéinte mir eis un een anert EU-Land mat uschléissen."
Den Ament géifen et keng konkret Gespréicher mat engem aneren EU-Land gi fir sech unzeschléissen.
Et wier awer kloer, datt dat “schwiereg Diskussiounen” ginn, esou den CSV-Minister. Et misst och séchergestallt sinn, datt d’Mënscherechter garantéiert sinn. Lëtzebuerg zum Beispill ass dergéint, datt Kanner a Familljen an “Return Hubs” géifen ënnerbruecht ginn.
Lëscht vu séchere Pays d’origine: Kritik vu Mënschrechts-ONGen
Eng Lëscht vu “sécheren Hierkonfts-Länner” soll dofir suergen, datt d’Leit méi séier dohi kënne geschéckt ginn.
Op där Lescht sti Länner ewéi Marokko, Tunesien, Ägypten oder Indien a Bangladesch. Länner, déi Kandidat si fir an d’EU ze kommen, stinn d’office op der Lëscht. Dozou gehéieren zum Beispill Albanien, Montenegro oder d’Tierkei.
Flüchtlings- a Mënscherechtsorganisatiounen haten déi Lëscht schaarf kritiséiert, well dorop Länner stinn, déi hirer Meenung no net garantéieren, datt déi Betraffen ee Recht op eng adäquat Asyl-Prozedur hunn.
Lëtzebuerg kéint mat där Lëscht liewen, seet dozou de Léon Gloden. An der Reunioun vun de Ministeren hätt hien drop gepocht, datt fir seng Regierung de "Sécherheets-Filet d’Mënscherechter sinn."
Wéi déi Lëscht dann zu Lëtzebuerg konkret applizéiert géif ginn, misst ee "le moment venu kucken". Et géif “ëmmer eng Analys gemaach ginn, ob d’Mënscherechter respektéiert ginn."
Konzept vun de sécheren Drëtt-Staaten: Kee Lien mam Land méi néideg
D’Konzept vum sécheren Drëtt-Staat gesäit vir, datt Leit méi liicht dohi kënne refouléiert ginn. Ee Lien mat esou engem sécheren Drëtt-Land wier dem Accord vun de Ministeren no net méi - wéi bis elo - obligatoresch.
Bis elo huet een Demandeur d’Asyl missen eng Verbindung zu deem Drëtt-Land, wéi zum Beispill duerch Familljememberen oder ee méi laangen Openthalt, hunn.
Dem Accord no géing et elo duer, datt een EU-Memberland een Ofkommes mat deem betraffene Land huet. Demandeurs d’Asyl kéinten deemno a Länner geschéckt ginn, an deene si nach ni virdru waren, an zu deene si keng familiär oder kulturell Lienen hunn.
D’EU géing mat deenen neie Mesuren "hiert Haus an d’Rei bréngen", sotnom Accord den EU-Kommissär fir d’Migratioun, de Magnus Brunner. De Pakt wier eeKompromëss, esou den Éisträicher op d’Fro hin, wéi hien dozou stéing, datt südlechEU-Länner net zefridde mam neie Solidaritéits-Mechanismus sinn.
Déi Accorden iwwer den EU-Asylpak, déi haut um Méindeg um Niveau vun den EU-Inneministere getraff goufen, mussen alleguerten nach vum Europaparlament validéiert ginn.