Se wier net zilféierend fir Lëtzebuerg an och net fir Europa, esou de Gilles Roth op eng Question parlamentaire vum DP-Deputéierten André Bauler zu dësem Sujet.
D’EU-Agence fir d’Surveillance vun de Finanzmäert - kuerz ESMA - soll am Kader vun dëser Reform méi Pouvoire kréien, fir déi europäesch Finanzmäert ze superviséieren.
"Méi-Belaaschtung vum Finanzsecteur"
D’EU-Kommissioun wier hei iwwer d’Zil erausgeschoss, fënnt den CSV-Finanzminister Gilles Roth. D'Mesurë wieren a ville Punkte kontraproduktiv a géifen net fir méi Kompetitivitéit suergen.
"Si si fir eis net am Interessi vun Europa duerfir a si féieren zu enger Méi-Belaaschtung vun dem Finanzsecteur, zu méi Bürokratie, onnëtzen Delaien, Prozeduren an awer och Käschten. An dat geet natierlech op de Wuesstem an och op d'Innovatioun."
Wann d’ESMA - mat Sëtz zu Paräis - méi Pouvoire kritt, géif dat déi Lëtzebuerger Finanzplaz benodeelegen a Paräis e Virdeel verschafen. Et wier keen Zoufall, datt grad Frankräich am häertsten no dëser Reegelung rifft, esou nach de Gilles Roth.
Bréissel hat dës Reform fir eng renforcéiert Supervisioun vun den europäesche Finanzmäert am Dezember zejoert proposéiert.