Nodeems Lëtzebuerg jorelaang Strofgelder wéinst Net-Konformitéit zu den Oplagen vun der Direktiv bezuelt hat, gouf et 2018 scho gréng Luucht vun der Kommissioun a Saache Konformitéit: De leschte Problemfall vun der Kläranlag Lëtzebuerg-Bouneweg war deemools duerch den Uschloss un d‘Kläranlag vu Beggen geléist ginn.
Vill Investitioune wäerten néideg sinn
Elo ass et also de positive Fazit, datt mat Stand 2020 100 Prozent vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg iwwer e Kanalsystem gesammelt, an an enger Kläranlag a méi wéi zwou Phase behandelt gëtt. Dobäi funktionéiere Stand vun 2020 13 Kläranlage mat zwou Rengegungsstufen an 19 mat dräi Rengegungsstufen.
Deen eenzege Bemol am Rapport: Et wäert och an Zukunft ganz vill Geld mussen an de Kläersystem investéiert ginn, fir deen Niveau ze halen. D‘OECD schätzt dës Zomm bis 2030 op 300 Milliounen Euro.
Héich Ofwaasserkäschte pro Kapp
Mee eleng tëscht 2021 an 2025 huet Lëtzebuerg schonn 345 Milliounen Euro ausgi fir den Ofwaassersystem ze sanéieren an a Stand ze halen.
De Rapport notéiert dann och, datt de staarke Populatiounswuesstem zu héije Käschte féiert: Mat 110 Euro Ofwaasserkäschte pro Kapp läit Lëtzebuerg wäit iwwert der EU-Moyenne vu 35 Euro pro Awunner. An dat schléit sech och am Waasserpräis néier.