search

/ EU-Memberlänner soe Jo zum Reglement iwwer d'Koordinatioun vun der Securité Sociale

Frontalieren

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

EU-Memberlänner soe Jo zum Reglement iwwer d'Koordinatioun vun der Securité Sociale

Eng Majoritéit vun 21 EU-Memberlänner stellt sech hanner de provisoreschen Accord iwwer d'EU-Regelment iwwer d'Koordinatioun vun de Sécurité Sociale Systemer an der EU. Lëtzebuerg huet dogéint gestëmmt.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/OLIVIER MATTHYS
(Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

An der EU huet dat fir Lëtzebuerg zimmlech relevant Reglement iwwer d’Koordinatioun vun de Sécurité-Sociale-Systemer déi nächst Etapp geholl. D’EU-Ambassadeure géifen de provisoreschen Accord mat droen, deen d’EU-Institutiounen den 22. Mee fonnt haten, mellt de Mëtteg déi zypriotesch Presidence vun der EU.

Kéint de Lëtzebuerger Staat 200 Milliounen Euro kaschten

Den Accord gesäit ënner anerem vir, datt an Zukunft net méi d’Land wou ee Salarié wunnt, mee dat wou e schafft, zoustänneg fir Chômage-Allocatiounen ass. 

Frontalieren, déi op mannst 22 Wochen zu Lëtzebuerg affiliéiert sinn, kriten domat sechs Méint laang ee Recht op Chômage zu Lëtzebuerg. Op de Lëtzebuerger Staat kéinten duerch dat neit Reglement zousätzlech Käschte vu ronn 200 Milliounen Euro zoukommen. Dat hat den Aarbechtsminister Marc Spautz gëschter an der Chamber preziséiert. 

Grouss Majoritéit vun 21 vu 27 Memberlänner seet Jo

Géint déi nei Reegelen hunn der Agence Europe no nieft Lëtzebuerg och Dänemark, Holland a Pole gestëmmt. Ungarn an Éisträich hu sech enthalen.

D’Europäesch Kommissioun hat déi nei Reegele schonn 2016 proposéiert. Si krut awer ni déi néideg Majoritéit ënner de Memberlänner.

Schonn zwee Mol hunn d’Länner esou ee provisoreschen Accord nees gekippt. Elo muss den Accord, deen haut d’EU-Ambassadeure fonnt hunn, nach formell op engem Ministerrot ugeholl ginn.

Land, wou de Salarié schafft, gëtt zoustänneg

Gestridde gouf laang doriwwer, wéi ee Land responsabel fir d’Allocatioune vum Chômage ass. Eppes wouvu Lëtzebuerg mat senge wäit iwwer 200.000 Frontaliere staark betraff ass.

Aktuell ass dat Land zoustänneg, wou de Salarié wunnt. Ma dat ännert sech elo.

Frontalieren, déi op mannst 22 Wochen am Grand Duché affiliéiert waren, kréien deemno ee Recht op sechs Méint Chômage zu Lëtzebuerg. Dono ass nees dat Land zoustänneg, wou de Salarié säin offizielle Wunnsëtz huet.

Europaparlament muss nach Jo soen

All Etappe sinn awer nach net geholl. Well och d’’Europaparlament muss d’Reglement nach definitiv unhuelen.

Et ass virgesinn, datt déi parlamentaresch Kommissioun, déi zoustänneg fir den Emploi ass de 6. Mee doriwwer ofstëmmt, an den Text duerno an der Plenière am Juli oder spéitstens am Oktober zum Vott kënnt.

Eng Majoritéit gëllt do als warscheinlech, mee sécher kann ee sech bei der aktueller politescher Konstellatioun am Parlament ni sinn. Ass den Accord dann definitiv aktéiert, hunn d’Memberlänner nach zwee Joer Zäit en ëmzesetzen.

Lëtzebuerg kritt duerno nach zwee Mol d’Méiglechkeet, eng Verlängerung vun am Ganze fënnef Joer unzefroen. Déi zousätzlech Käschte kéimen deemno eréischt siwe Joer no der offizieller Decisioun op de Grand-Duché duer.

play_arrow Lauschteren