Déi Direktiv gesäit vir, datt ee Land muss verschidden essenziell Servicer kënnen assuréieren. Am Fall vun enger Kris, enger Cyber- oder enger terroristescher Attack misste beispillsweis den Energieberäich, den Transport, d'Santé, de Waasserberäich an och d'Banke resilient sinn.
Lëtzebuerg hat schonn zwee Mol eng Warnung kritt, mee well d'Land nach ëmmer näischt ënnerholl huet, geet et elo virun den Europäesche Geriichtshaff. Do kéint de Grand-Duché finanziell Sanktioune kréien.