arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Länner stëmme fir kompletten Import-Stopp vu russeschem Gas

Europäesch Unioun

|
headphones

1 min

EU-Länner stëmme fir kompletten Import-Stopp vu russeschem Gas

Bis spéitstens den 1. November 2027 soll den Import vu russeschem Gas an d‘EU etappeweis gestoppt ginn. Enn 2027 soll deemno kee russesche Gas méi iwwer Pipelinen an d‘EU importéiert ginn.

headphones

1 min

Gaspipeline | © EPA/MARTIN DIVISEK
Gaspipeline (Foto: EPA/MARTIN DIVISEK)

24 vun de 27 EU-Staaten hunn zu Bréissel dofir gestëmmt. D‘EU-Parlament hat scho gréng Luucht ginn.

Deen Importstopp war schonn am Dezember ausgehandelt ginn, enger Analyse vun der EU-Kommissioun no géif dat kee Risiko fir d‘Versuergungssécherheet bedeiten. Um Weltmarché géifen et genuch aner Offere ginn.