Datt déi wirtschaftlech Leeschtung besser wéi erwaart ass, féiert Bréissel drop zeréck, datt d’Exporter virun der erwaarter Hausse vun den Douanestaxen eropgaange sinn.
Déi aktuell Indicateuren aus der Wirtschaft géifen eng positiv Dynamik viraussoen, esou d’Kommissioun. Och wann dat ekonomescht Ëmfeld schwiereg bleift, géifen an der EU ee robusten Aarbechtsmaart, eng Kafkraaft déi klëmmt, a besser Finanzéierungskonditiounen eng Moderat Croissance stëtzen.
Croissance 2025: Lëtzebuerg mat 0,9 Prozent ënnert der EU-Moyenne vun 1,4 Prozent
Hir Zuele fir Lëtzebuerg decken sech gréisstendeels mat deene vum Statec. Bréissel ass ganz e bësse méi pessimistesch - d’Kommissioun seet fir 2025 eng Croissance am Grand Duché vun 0,9 Prozent vum PIB an eng vun 1.9 Prozent fir 2026 viraus. Déi national Chiffere louchen do ganz liicht driwwer.
Lëtzebuerg läit domat, wat d’Croissance ugeet, ënnert der europäescher Moyenne vun 1,4 Prozent.
Am meeschte wiisst d’Ekonomie där Previsioun no dëst Joer an Irland - mat 10,7 Prozent vum PIB - a mat am mannsten an Däitschland mat 0,2 Prozent.
Och wann der däitscher Ekonomie an dëser Hierschtprognos virausgesot gëtt, datt si d’nächst Joer nees méi staark wuesse wäert.
Inflatioun soll manner staark klammen
“Déi gutt Nouvelle ass, datt D’Ekonomien an allen EU Länner dëst Joer wuesse sollen”, esou de Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun de Valdis Dombrovskis de Moien hei zu Bréissel.
De Chômage an der EU soll weider ganz liicht zeréckgoen - d’Moyenne bléif hei stabil mat 5,9 Prozent - Lëtzebuerg läit do mat 6,6 Prozent liicht driwwer - den neitsten Zuelen no si weiderhin am a Spuenien am meeschte Leit ouni Aarbecht - dat mat engem Chômage - Taux vun 10,4 Prozent
D’Inflatioun, déi nach am Fréijoer no uewe korrigéiert gi war, soll elo manner staark an d’Luucht goen a sech bis an zwee Joer op zwee Prozent stabiliséieren - fir de Grand Duché seet Bréissel een Taux vun 1,7 Prozent viraus. D’Previsioune vum Statec louchen hei am Oktober mat 1,4 Prozent liicht dorënner.