arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU: Keen neie Sanktiounspak géint Russland

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

EU: Keen neie Sanktiounspak géint Russland

D'EU-Staate konnten sech zu Bréissel net op en neie Sanktiounspak géint Russland eenegen. Der EU-Aussebeoptraagter Kaja Kallas no wier een awer no un engem Accord gewiescht.

reading time

1 min

© EPA/OLIVIER MATTHYS
(Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

No der Reunioun sot d'EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas, datt een déi Situatioun bedauere géif. Gläichzäiteg wier een no un engem Accord gewiescht.

D'Pläng vun der EU-Kommissioun haten ënner anerem nei Sanktioune géint de russesche Finanz- an Energiesecteur virgesinn. Donieft sollt och en Areesverbuet fir russesch Zaldoten ageféiert ginn.