arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU: Importéiert Liewensmëttel solle méi staark op Pestizide kontrolléiert ginn

Alimentatioun

|
headphones

1 min

EU: Importéiert Liewensmëttel solle méi staark op Pestizide kontrolléiert ginn

D‘EU wëllt importéiert Liewensmëttel méi streng op d‘Réckstänn vu geféierleche Pestizide kontrolléieren. Domat sollen d‘Konsumenten an der EU besser geschützt ginn, esou den EU-Kommissär fir Gesondheet.

headphones

1 min

© EPA/BARBARA WALTON
(Foto: EPA/BARBARA WALTON)

Ausserdeem kéint een duerch déi Kontrollen och déi europäesch Landwirte besser virun deloyaler Konkurrenz schützen.

Déi Kontrolle géifen iwwerdeems net mam Mercosur-Ofkommes zesummenhänken, huet de Kommissär betount. D'Annonce vun deene Kontrolle kënnt awer eng Woch virun den ugekënnegte Bauereprotester zu Bréissel.

Mercosur-Ofkommes stéisst weider op Kritik

Greenpeace Lëtzebuerg huet hirersäits an engem Communiqué matgedeelt, datt een eng Petitioun, déi ronn 1.100 Ënnerschrëfte krut, géint d‘EU-Mercosur-Ofkommes beim Ausseministère agereecht hätt. 

D‘Mecosur-Ofkommes géif d‘Ofholze vum Amazonas beschleunegen an d‘Rechter vun den indigène Vëlker a Gefor bréngen.