De Message wier kloer, sou eng Source: Et wier een dofir, d’Akraafttriede vum Gesetz ëm ee Joer ze verleeën, et wéilt een awer un der ursprünglecher Gesetzespropos vun der Kommissioun festhalen, ouni datt do eppes geännert gëtt.
Lëtzbuerg huet och déi Positioun vertrueden.
Am Europaparlament hat sech déi lescht Woch op Initiative vun der Europäescher Vollekspartei eng Majoritéit dofir ausgeschwat, d’Gesetz a verschiddene Punkten ze labberen.
Elo sollen d’Vertrieder:inne vum Parlament, de Memberlänner an der Kommissioun sou séier wéi méiglech zesummekommen, fir den Delai offiziell ze decidéieren.