Am Idealfall kéinten déi Verhandlungen de 15. Juni, beim engem Ministerconseil hei am Land, ufänken.
U sech sollten d‘Gespréicher mat der Ukrain schonn am Juni 2024 ugoen. Dat gouf awer bis elo vun Ungarn ënner dem Viktor Orbán blockéiert. Deen neie Premier Peter Magyar hat säin Accord un d‘Conditioun gekoppelt, datt d‘Minoritéit vun den Ungaren an der Ukrain méi Rechter misste kréien.
Gëschter gouf et an deem Kontext en Accord, esou datt Ungarn de Blocage par Rapport zum Optakt vu Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain opginn huet.