Wéi laang et bis zu engem eventuellen EU-Bäitrëtt vun der Ukrain a Moldawien dauere kéint, bleift iwwerdeems nach komplett op.
De moldawesche Premier Dorin Recean ass dann och haut fir eng Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg. Geplangt si Gespréicher mam Premier Luc Frieden an dem Ausseminister Xavier Bettel, an eng Audienz beim Grand-Duc.