Radioen

On air

Concert  |  De Vadim Gluzman mat den SEL

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EKR: Pro-Ukrain Deklaratioun als Konditioun

GESTÉCKELS AM EUROPAPARLAMENT

EKR: Pro-Ukrain Deklaratioun als Konditioun

D‘Fraktioun vun den “Europäesche Konservativen a Reformer” ass fir elo zum drëttstäerkste politesche Grupp am Europaparlament avancéiert. Verschidden nei Memberen hu missen eng Pro-Ukrain-Déclaratioun ënnerschreiwen, seet hire Co-Chef. Beim ADR-Member vun där Fraktioun, dem Fernand Kartheiser war dat net de Fall.

auto_stories

3 min

© European Union

Am Europaparlament ass Gestéckels am gaangen - wat déi europäesch politesch Familljen ugeet. Bal 100 nei oder erëmgewielten Europadeputéiert, déi bis elo kenger Fraktioun ugehéieren. Dowéinst ass do nach mat vill Hin an Hir ze rechnen.

EKR gëtt drëtt-stäerkst Fraktioun am Europaparlament

Dat betrëfft virun allem de rietse Bord. Nodeems d’Fraktioun vun den “Europäesche Konservativen a Reformer” an de leschten Deeg eng Partie nei Memberen krut, ass dee rietsnationale Grupp elo bis op Weideres mat 83 Memberen dee drëtt-stäerkste Grupp am Parlament. Wéinst ville Mouvementer ass dat awer nach net als definitiv unzegesinn. De Lëtzebuerger ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser huet sech bekanntlech och där Fraktioun ugeschloss.

Schrëftlech Pro-Ukrain-Deklaratioun gefrot

Mat 24 kommen déi meeschte vun hire Memberen aus Italien, vun der Premierministerin Giorgia Meloni hirer Fratelli d’Italia. 20 nei oder erëm Gewielter vun der EKR-Fraktioun stellt déi fréier polnesch Regierungspartei - d’Pis.

Nei era koumen e Mëttwoch ënner anerem sechs Memberen vun der ungarescher “Allianz fir d’Unioun vun de Rumänen”, eng rietsnational Partei, déi bis elo als pro-russesch beschriwwe gouf.

Der EKR huet d’Partei misse schrëftlech attestéieren, datt dat net de Fall ass, sou gëscht de Co-Chef vum Grupp den Nicola Procaccini, dee fir d’Fratelli d’Italia am Europaparlament gewielt gouf.

“Si hu missen eng formell Deklaratioun ënnerschreiwen, datt si d’Ukrainescht Vollek géint déi russesch Invasioun ënnerstëtzen. Dat ass eng rout Linn fir eis. Ouni hätte si net kënne Member an der EKR ginn”

Fernand Kartheiser: “Ech gouf näischt esou eppes gefrot”

Net all neie Member vun der Fraktioun huet awer missen esou eng Erklärung ënnerschreiwen. Hie wier Näischt esou eppes gefrot ginn, sou den ADR-Vertrieder Fernand Kartheiser op eis Nofro.

Et war vill spekuléiert ginn, doriwwer, ob déi 10 Vertrieder vum ungaresche Premier Viktor Orban senger Fidesz-Partei géifen an d’EKR goen. Och si misste sech da schrëftlech zur Ukrain bekennen, stellt de Nicolas Nicola Procaccini kloer.

Allerdéngs hätt d’Fidesz ni eng Demande gemaach fir Member ze ginn.

Dat kéim, elo nodeems déi anti-ungaresch rumänesch Allianz agetruede wir, net méi a Fro, huet iwwerdeems gëscht den Spriecher vun der ungarescher Regierung, de Zoltan Kovacz getweet.

EKR-EVP-Verhältnis bleift ongekläert

Onkloer bleift, ob d’Kandidatin fir nees Cheffin vun der Europäescher Kommissioun ze ginn, d’Ursula von der Leyen, och op Stëmmen vun der EKR am Europaparlament setzt oder net.

Déi potentiell Koalitiounspartner, déi europäesch Sozialisten an déi Liberal hunn eng Zesummenaarbecht als rout Linn bezeechent a bleiwen dobäi.

D’EKR wëll sech d’Dieren a Richtung Europäesch Vollekspartei op alle Fall oploossen, doraus huet den Nicola Procaccini keen Hel gemaach.

"Ech denke mir stinn eis no, ech weess net ob dat duer geet", sou den Italiener op eis Nofro.

Et stéing een tëscht der EVP an der ID- Fraktioun, där dem Marine Le Pen säi Rassemblement National ugehéiert.

Fir d’Fratelli d’Italia wier awer och kloer:

"Fir den Ament kënne mir net fir d’Ursula von der Leyen stëmmen, well mir hir politesch Agenda net kennen."

Hie wier optimistesch, datt ee punktuell op verschiddenen Dossieren mat der EVP zesummeschaffe kéint, sou och den Vertrieder vu Fratelli d’Italia.