13 Stëmmen hunn de Vott um Enn zu Gonschte vum Budget decidéiert. 247 Jo-Stëmme géint 234 Nee-Stëmmen. Dës Victoire fir d’Regierung konnt awer iwwerhaapt eréischt zustane kommen, well d’Ekologisten sech majoritär enthalen hunn, amplaz géint de Budget ze stëmmen.
Senat kéint et nees rejetéieren
Och bei de fréiere Regierungspartner Horizons a Les Républicains huet ee sech zu wäiten Deeler enthalen. De Budgetsplang vun der Sécu geet elo un de Senat, deen dëse wuel rejetéiere wäert, éier d’Assemblée dann Enn vum Mount nach eemol definitiv ofstëmme muss.
Mat dësem Budget géing och d’Suspensioun vun der ëmstriddener Pensiounsreform a Kraaft trieden. De Premier Sébastien Lecornu huet sech nom Vott felicitéiert an op X geschriwwen, datt dës "Majoritéit vun der Verantwortung weise géing, datt de Kompromëss net nëmmen e Slogan ass". Och den Ex-Premier a Chef vum Grupp Renaissance, de Gabriel Attal, sot owes op France 2, datt een net op esou Kompromësser verzichte kann.
No der Sécu elo de Staatsbudget
Esouwuel d’Lénkspartei La France Insoumise, wéi och de rietsextreeme Rassemblement Nationale hu géint de Budget gestëmmt an nom Vott dëse staark kritiséiert.
Den RN-Chef Jordan Bardella huet vun engem Text vun der "Bestrofung an Taxatioun" geschwat, fir den LFI-Grënner Jean-Luc Mélenchon léist dëse Budget déi wirtschaftlech Problemer net, mee verschlëmmert se nach.
Elo muss d’Regierung nach de Staatsbudget duerch d’Assemblée bréngen. E Kompromëss an eng Victoire beim Vott schéngen hei däitlech manner probabel wéi beim Budget vun der Sécu.