An der Géigend vun der nordlibanesescher Hafestad Tripolis hätt et hënt eng Dronen-Attacken op ee palestinensescht Flüchtlingslager ginn. Et soll Doudeger a Blesséierter ginn - wéi vill ass nach net gewosst. Déi israeelesch Arméi huet sech nach net zu der Attack geäussert. Och am Süde vum Libanon net wäit vu Beirut goufen op en neits Attacke gemellt.
Zanter dem Ufank vun der Buedemoffensiv viru fënnef Deeg am Libanon huet déi israeelesch Arméi eegenen Aussoen no 2.000 Ziler ugegraff an 250 Hisbollah-Kämpfer ëmbruecht. De republikaneschen US-Presidentschaftskandidat Donald Trump huet sech fir eng israeelesch Attack op iranesch Atomanlagen ausgeschwat.