Bei den Demokraten ass d‘Nervositéit grouss. D‘Wäisst Haus war gëschter awer formell: De Biden bleift an der Cours.
Gëschter Owend hat de Biden en online Gespréich mat engen 20 demokratesche Gouverneuren. Déi hunn him hire Support zougeséchert, allerdéngs och zouginn, datt déi aktuell Sondagen hinne Suerge géife maachen.