An der Nuecht op e Mëttwoch waren 20 russesch Dronen iwwer verschidde Regiounen a Polen opgedaucht a vun NATO-Fliger ofgeschoss ginn.
Der polnescher Regierung no, wier et keen Accident gewiescht a Russland hätt d’Drone geziilt a Richtung Pole geschéckt. De polneschen Ausseminister sot 19 Verletzunge vum polnesche Loftraum an engem Zäitraum vu 7 Stonne, dat kéint keen Zoufall sinn. Dat wier een “militäreschen a politeschen Test net nëmme fir Polen, mee fir déi ganz Nato”, esou de Radosław Sikorski.
Warschau verlaangt elo eng verstäerkten NATO-Militärpräsenz op sengem Territoire.
Lettland mécht Loftraum zou
Lettland wäert an der Suite säi Loftraum un der Ostgrenz zu Belarus a Russland fir eng Woch spären. Dat gëllt bis den 18. September a kann duerno weider verlängert ginn, esou de letteschen Defenseminister. Iwwerdeems wiere russesch Dronen am NATO-Loftraum ee “Warnsignal”.
Lettland, genee wéi seng Nopeschlänner am Osten, si scho wéinst enger Militärübung am Nopeschland Belarus an Alarmbereetschaft. Do fänkt Enn der Woch d’Manöver “Sapad-2025” un (Westen-2025). Do sollen Zaldoten aus Russland a Belarus zesummen trainéieren.
A Lettland riicht parallel eng grouss Defenseübung aus.