arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dräi Journaliste stierwe bei Attack zu Khan Yunis

Noen Osten

|
headphones

1 min

Dräi Journaliste stierwe bei Attack zu Khan Yunis

Op en Neits wiere Journalisten an der Gazasträif bei israeeleschen Attacken ëm d'Liewe komm. Wéi déi palästinensesch Noriichtenagence Wafa mellt, wieren 8 Ziviliste bei enger Attack op eng Klinik zu Chan Junis, am Süde vun der Gazasträif ëmkomm. Ënner den Affer wieren 3 Journalisten.

headphones

1 min

Et gesäit een den Damp no den israeeleschen Attacken am Norde vu Gaza de 25. August 2025  | © EPA/ATEF SAFADI
Et gesäit een den Damp no den israeeleschen Attacken am Norde vu Gaza de 25. August 2025 (Foto: EPA/ATEF SAFADI)

Al-Jazeera mellt, datt ee Kameramann vun hinnen déidlech getraff gi wier. Eréischt virun dräi Woche ware sechs Journaliste vum arabeschen Tëleessender bei israeeleschen Attacken ëm d'Liewe komm.

Déi israeelesch Arméi wëllt de Virfall préiwen. 

Attacken am Jeme gi weider

Israel huet um Sonndeg erëm Sitte vun der Huthi-Miliz am Jemen attackéiert. Dobäi wieren an der Haaptstad Sanaa op d'mannst sechs Mënschen ëm d'Liewe komm an iwwer 80 blesséiert ginn.

D'Huthi-Miliz, déi solidaresch ass mat de Palästinenser an der Gazasträif, attackéiert reegelméisseg mat Dronen a Rakéiten Israel.

Déi israeelesch Attacken hei wieren eng Reaktioun dorop, sot den israeelesche Premier Netanjahu.