search

/ Doyenne vun der Droit-Fakultéit trëtt zeréck – bleift awer Professesch

Uni.lu

|
reading time

1 min

Doyenne vun der Droit-Fakultéit trëtt zeréck – bleift awer Professesch

D‘Doyenne vun der Fakultéit fir Droit, Ekonomie a Finanzen op der Uni Lëtzebuerg demissionéiert. Déi Meldung vun RTL confirméiert d‘Uni an engem Communiqué.

reading time

1 min

Katalin Ligeti  | © University of Luxembourg
Katalin Ligeti (Foto: University of Luxembourg)

D‘Katalin Ligeti trëtt op den 31. Mee zeréck. Firwat ass net gewosst. Si géif awer als Professesch op der Fakultéit bleiwen, heescht et vun der Uni. Wien hir Successioun iwwerhëlt ass nach net gewosst.

D‘Katalin Ligeti stoung déi lescht Méint wéinst verschiddene Virwërf ënner Drock, esou nach RTL.