Doutschlag um Escher Fussballterrain: Parquet fuerdert 18 Joer Prisong fir den Haaptugekloten
18 Joer Prisong, een Deel dovu fest, fir den Haaptugekloten an eng Geldstrof oder eng Suspensioun du prononcé fir de Matugekloten: Dat war d’Fuerderung vum Vertrieder vum Parquet am fréien Donneschdegowend um Stater Geriicht am Prozess ëm den déidlechen Tëschefall am Januar 2023 bei engem Training vun de Fussball-Minimes vun der Escher Jeunesse.
Cité judiciaire (Foto: Laura Paredis / Pexels)
An den Ae vum Procureur wier Doutschlag géint den Trainer zeréckzebehalen, deen dräimol op dat spéidert Affer agestach hat. Vun Noutwier vum Mann hätt dee Moment keng Ried méi kënne sinn. Fir de matugeklote Papp vun engem Spiller sollte Coups et blessures volontaires zeréckbehale ginn.
Géif eng Suspension du prononcé gesprach ginn, géif dat heeschen, datt wuel zeréckzebehale gëtt, datt e Feeler geschitt ass, mee datt dofir awer keng Strof gesprach gëtt.