Iwwer 735.000 Mënschen hu sech op Kuba virun den deels heftegen Iwwerschwemmunge missen a Sécherheet bréngen. De lokale Wiederdéngscht huet viru liewensbedroleche Stuerzfluuten an Äerdrutsche gewarnt. De kubanesche President huet eng “immens schwiereg” Nuecht virausgesot a vun “erhiefleche Schied” geschwat.
1935 fir d'lescht
Gëschter um Méindeg war de Stuerm als Hurrikan vun der héchster Kategorie 5 iwwert Jamaika gezunn. Der US-Ozean an Atmosphären-Autoritéit NOOA no hätt e sech, wéi e Jamaika erreecht huet, zu engem vun den intensiivste Wirbelstierm vun de leschten 90 Joer entwéckelt. 1935 wier fir d’leschte kéier een Hurrikan an där Envergure op Land getraff, deemools mat Wandvitesse vu bal 300 Kilometer an der Stonn op Florida.
Jamaika
D‘Regierung op Jamaika huet wéinst de schwéiere Schied déi ganz Karibikinsel als Katastrophegebitt deklaréiert. De geneeën Ausmooss vun de Schied ass awer nach net gewosst – et gëtt och nach keng Meldung iwwer eventuell Affer.
Haiti
Do virdrun ass den Hurrikan iwwer Haiti gezunn. Do huet en ënnert anerem an der Küste-Stad Petit-Goave deels hefteg Iwwerschwemmunge verursaacht a vill Mënschen einfach matgerappt. D’Rettungsdéngschter sinn nach ëmmer op der Sich no Vermëssten.
Kuba
No Kuba soll den Hurrikan Melissa sech weider a Richtung Bahamas beweegen. Och hei gëtt mat heftegem Reen a Stuerzfluuten gerechent. D’Regierung huet bis elo Evakuéierunge fir 6 vun den am ganzen iwwer 700 Inselen ordonéiert.