D'Escher Zeitung hat de leschte Mount geschriwwen, hir Journaliste wiere vun engem Beamte vu MeteoLux menacéiert ginn. Déi gréng wollten an der Chamber vun der zoustänneger Mobilitéitsministesch Erklärungen dozou. Dofir gouf et eng gemeinsam Reunioun vun de Chamberkommissioune vun den Affaires intérieures, der Ëmwelt an der Mobilitéit.
Plainte vu Beamte géint Météo Boulaide
D’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes (DP) sot, d'Tageblatt hätt engem Beamte vu Meteolux ugeruff. Deen hätt dementéiert, d'Tageblatt menacéiert ze hunn. Deemno wier et Ausso géint Ausso. Fir si wier et awer wichteg, datt ni an a kengem Kontext dierfte Menace géint d'Press gemaach ginn. Hier Beamte wéissten, datt si misste professionell mat der Press zesumme schaffen.
De concernéierte Beamten, dee weder Direkter vun der Agence ANA nach vu Meteolux wier, hätt awer sengersäits Plainte gemaach géint Météo Boulaide, well de Bedreiwer Philippe Ernzer dee Beamte via Facebook diffaméiert hätt.