arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Kommissioun bedauert, datt d'USA sech aus UN-Kader-Accord zeréckzéien

USA

|
headphones

1 min

EU-Kommissioun bedauert, datt d'USA sech aus UN-Kader-Accord zeréckzéien

Iwwer den UN-Kader-Accord gëtt regelméisseg d'Klimakonferenz COP organiséiert. Si wier de Pilier vun der globaler Lutte géint de Klimawandel, esou den EU-Klimakommissär Wopke Hoekstra.

headphones

1 min

© EPA/PRESIDENTIAL PRESS SERVICE
(Foto: EPA/PRESIDENTIAL PRESS SERVICE)

Datt de weltwäit zweetgréisste Produzent vu Klimagas net méi dobäi wier, wier ze bedaueren, esou den EU-Klimakommissär. 

66 international Organisatioune musse raus aus den USA 

D‘USA zeie sech aus 66 weideren internationalen Organisatiounen zeréck. Déi Decisioun vum President Donald Trump huet d‘Wäisst Haus matgedeelt.

D‘Kontrakter an d‘Accorde vun dësen Organisatioune wieren net méi mat den Interesse vun den USA ze vereenbaren. Et hätt ee festgestallt, datt déi betraffen Organisatiounen iwwerflësseg wieren a souwisou schlecht verwalt géife ginn.

Vill vun dësen Organisatioune sinn an de Beräicher Ëmwelt, Klima a Gerechtegkeet tëschent de Geschlechter aktiv.

Militärdepensen ëm 50 Prozent erhéijen 

Den US-amerikanesche Militärbudget fir d'nächst Joer soll net, wéi geplangt, bei enger Billioun Dollar leien, mee op 1,5 Billiounen Dollar festgesat ginn. Domat kéint hie sech seng "Dram-Arméi" opbauen, esou den Donald Trump. 

Déi Arméi wier an dëse geféierlechen Zäiten nämlech wichteg, esou den Donald Trump. 

100 Mënsche gestuerwe bei US-Festnam vu Maduro 

De venezuelaneschen Inneministère huet iwwerdeems matgedeelt, datt bei der Arrestatioun vum venezuelanesche President Nicolás Maduro um leschte Sonndeg ronn 100 Mënsche gestuerwe wieren. Grad esou vill Mënsche wiere verletzt ginn.