D‘Kritiker soen, et wiere vill Passagen a Relatioun mam Donald Trump geschwäerzt ginn. De Justizminister Todd Blanche huet d‘Kriticken zeréckgewisen.
De fréiere Banquier Jeffrey Epstein gouf wéinst sexuellen Delikter verurteelt an hat sech 2019 an engem Prisong zu New York ëmbruecht.
Geschwäerzte Foto vum Donald Trump nees online
Den US-Justizministère huet déi geläschte Foto vum Donald Trump aus de publizéierten Epstein-Akte rëm online gesat. Déi geschwäerzte Foto hat grouss Kritik, besonnesch vun den Demokraten, ausgeléist.
Déi Foto wier provisoresch geläscht ginn, fir ze préiwen, ob Affer vum Epstein dorop ze erkenne wieren, esou d‘Erklärung vu Washington. Well keng Indicen drop waren, wier d‘Foto lo rëm, ouni Schwäerzung, publizéiert ginn.
Dorop ass den Donald Trump ze gesinn, ier hie President war, zesumme mat Fraen a Bikinien.
Den Trump huet den Jeffrey Epstein gutt kannt. Et ginn awer bis elo keng Hiweiser, datt hien an de Sexskandal verwéckelt war.