arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Donald Trump attestéiert sech "perfekt Gesondheet", trotz Hämatomer op der Hand

USA

|
headphones

1 min

Donald Trump attestéiert sech "perfekt Gesondheet", trotz Hämatomer op der Hand

Den US-President Donald Trump betount op en Neits, datt hien an "perfekter Gesondheet“ wier. Rezent Medieberichter mellen, datt säi Rhythmus méi lues gi wier. Bei ëffentlechen Evenementer wier hie bal ageschlof an e gouf mat Hämatomer un der rietser Hand gesinn.

headphones

1 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot)

Déi Hämatomer géifen eegenen Aussoen no vu senger Aspirin Dosis kommen, déi hien all Dag hëlt.

Datt hien op engem Evenement ageschlof wier, dementéiert den Donald Trump.

De Gesondheetszoustand vum 80-järege President léist ëmmer nees eng ëffentlech Debatt aus.