Radioen

On air

Notturno  |  Hiatus Kaiyote - Everything's Beautiful

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Djuna Bernard: D'Regierung muss hir Responsabilitéit am Dossier Caritas iwwerhuelen

Bedruchsaffär

Djuna Bernard: D'Regierung muss hir Responsabilitéit am Dossier Caritas iwwerhuelen

D'Regierung mécht sech et immens einfach, andeems si de Wiessel vun den nationalen Aktivitéite vun der Caritas bäi déi nei Associatioun HUT als "einfach Business Transaktioun" behandelt. Dat seet déi gréng Oppostiounsdeputéiert Djuna Bernard am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Foto: Flickr Chambre des Députés

Et géif an dësem Beräich ëm wichteg Aufgaben am Lëtzebuerger Sozialsystem goen, d'Regierung misst dofir an dësem Dossier méi pro-aktiv virgoen.

Grad de Fall vun der humanitärer Hëllef wier dramatesch, well duerch d'Ewechfale vun der Finanzéierung elo vill Mënschen hir Aarbecht verléieren a vill Beneficiairë keng Hëllef méi kréien. D'Djuna Bernard bedauert a fënnt et "schockant", datt d'Regierung hir Responsabilitéit an dësem Dossier net géif iwwerhuelen. Datt de Kooperatiounsminister Xavier Bettel de Méindeg net an der zoustänneger Chamberkommissioun war, géif dat ënnersträichen, sou déi gréng Deputéiert.

Kritik un der ontransparenter Kommunikatioun

Datt d'Sëtzung vun der Chamberkommissioun net ëffentlech gewiescht wier, kann d'Djuna Bernard och net novollzéien, d'Ëffentlechkeet, d'Mataarbechter an d'Beneficiairen hätten ee Recht op Informatiounen.

Vill Neies wier een an der Chamberkommissioun och net gewuer ginn, Vertrieder vun der Caritas oder vun HUT waren och net an d'Kommissioun invitéiert, obwuel Oppositiounsvertrieder dat am Virfeld gefuerdert hätten, sou d'Djuna Bernard.

LSAP fuerdert Spezialkommissioun

Nom Echange mam Premier Luc Frieden hat d’LSAP de Méindeg schonn eng Spezialkommissioun gefuerdert, fir d‘Ursaachen an d‘Konsequenze vum Finanzbedruch bei der ONG méi am Detail opzeschaffen.

Et ass awer nach net kloer, ob aner Parteien och wëlle mat op dee Wee goen.

De ganzen Interview mat der Djuna Bernard

Lauschterenplay_arrow