Usech geet et bei der ganzer Diskussioun, déi zu der Demissioun vum Pierre Hensgen aus de Gremie vun der Liichtathletikfederatioun gefouert huet, just ëm en Datum.
Virgesi war fir den Event eigentlech de 26. Juli. Op deem Dag waren dunn awer déi national Meeschterschaften. Fir den nationalen Athleten d‘Méiglechkeet ze gi virum Championnat un engem Meeting deelzehuelen a sech fir d‘Europameeschterschaften ze qualifizéieren, huet een dunn am Veräin de 5. Juli zeréckbehalen.
Decisioun vun der FLA ass dem CAS-President sauer opgestouss
Well op deem Dag traditionell awer de City Jogging an der Stad ass an ee keng zwee Eventer op engem Dag wëllt organiséieren, gouf et e Refus vum Verband. Dat ass beim CAS-President net gutt ukomm.
"Iwwer déi Decisioun war ech net frou an ech mengen, och well nach vill aner Saache mam Comité vun der FLA net méi gepasst hunn, hunn ech och dofir dunn direkt demissionéiert am Comité vun der FLA."
Iwwerdeems huet et dem Pierre Hensgen un der Wäertstellung gefeelt.
"Wann een 22 Joer hannereneen dat organiséiert, an datt dat esou vill Wäertstellung huet, datt ee mat esou engem Datum dann op eng Schinn gestallt gëtt, datt jo och keen anere Meeting däerf sinn. (...) Oppe Meetinge kaschten e Veräin esou ze soen näischt. Den internationale Meeting huet eis d'Joer 50.000 bis 60.000 Euro kascht. Da freet ee sech dann, datt déi Wäertstellung wierklech net an d'A gegraff gëtt."
D'FLA ass mat der Kritik net d'accord
Et hätt een dem CAS als Verband wuel e puer alternativ Datumer virgeschloen, esou d‘FLA-Presidentin Stéphanie Empain. Et wier och am Viraus scho méiglech gewiescht, sech iwwer en alternativen Datum eens ze ginn.
"Natierlech ass dat méiglech esou ze organiséieren. Dofir hu mir och verschidde Kommissiounen, déi och de Kalenner festhalen. Dass de City Tracking op deem Dag ass, ass eigentlech och vu jidderengem bekannt."
Firwat den CA Schëffleng exklusiv deen doten Datum konnt envisagéieren, kéint si net soen, esou nach d'FLA-Presidentin Stéphanie Empain.